
Besonnesch op den ënneschte Klasse vum Secondaire général – dem fréieren Technique – géif de Schong gewalteg drécken. Zanter der Rentrée 2017/18 an enger Reform géif et op deene Klassen eng quasi automatesch Promotioun ginn. Zanter 4 Joer Schülerinnen a Schüler weiderkommen, ouni e seriöe Minimum u Wëssen a Kënne kënnen nozeweisen. Domadder géing een de Schüler keen Déngscht leeschten, kritiséiert d’Féduse, well se dann op 5ième géinge mierken, datt hinne Kompetenze feelen, fir déi Sektioun ze wielen, déi se wëllen. Et wéilt een net zréck op de System, wéi e virdru war, well den Drock do ze vill héich war, seet de Féduse-President Raoul Scholtes am RTL-Interview, ma e bësse méi streng misst ee scho sinn.
“Am Prinzip hu mer jo, wéi déi Reform hei komm ass gesot, dass mer dat gutt fannen, dass no de Schüler hire Stäerkten am Plaz no hire Schwächte gekuckt gëtt. Mee entretemps ass de Promotiounssystem awer sou, dass d’Schwächte praktesch ignoréiert ginn. An ech menge Schüler, si wéi all Mënsch, wann eppes net gefrot ass, da mécht een et net. An do misste mer eis eigentlech zesummesetzen, an déi Offer, déi hu mer scho viru Corona un de Ministère ginn, komm mir setzen eis zesummen, fir deen Däiwel, deen am Detail sëtzt, auszemäerzen, net d’Kand mam Buedwaasser ausschëdden, mee un deene Saache schaffen, mee do ass einfach e komplette Refus, do soll guer net duerno gekuckt sinn, dat ass gutt sou, dat soll elo sou lafen.”
Et hätt ee keng konkret Zuelen, ma a quasi all Lycée, an deem et e General gëtt, hätt ee Schüler, déi duerno d'5ième fräiwëlleg redoubléiere géingen, fir awer kënnen op déi Sektioun ze goen, déi se wëllen.
D’Féduse schwätzt vun desastréisen Auswierkunge vun där Reform. D’Gewerkschaft wëll net weider op de Post-Corona-Zäitalter vertréischt ginn, mä an engem Aarbechtsgrupp u Verbesserunge matschaffen.
Den Educatiounsminister hätt geäntwert, et wär ee ronderëm d’Auer just mat Corona beschäftegt. D’Féduse bemierkt awer, iwwert de leschte Summer wär genuch Zäit gewiescht, fir ënnert anerem zwee Gesetzprojeten auszeschaffen, mam Zil, Direkteschposten an der ëffentlecher Schoul zukünfteg mat Leit aus dem Privatsecteur kënnen ze besetzen.
Et ass elo Zäit, fir de Promotiounssystem op 7ième a 6ième z’evaluéieren - dat seet den zoustännegen Direkter am Educatiounsministère Romain Nehs am RTL-Interview. D’Enseignantsgewerkschaft Féduse hat dem Ministère virgeworf, Problemer, déi doduerch entstinn, net seriö ze huelen. “Mir sinn eis bewosst, datt déi ganz Corona-Froen dem Ministère vill ofverlaangen, dat heescht awer net, dass déi aner Saache kënne leie bleiwen”, sot de Féduse-President Raoul Scholtes.
D’Schüler hätten op 5ième Général, der fréierer 9ième technique, deelweis esou grouss Retarden, datt si fräiwëlleg redoubléiere géingen, seet de Raoul Scholtes: “A praktesch alle Gebaier, déi General-Klassen hunn, enorm vill Schüler sinn, déi fräiwëlleg redoubléieren op der 5e, well se um Enn feststellen “Oh, ech hu guer net déi Punkten, fir op déi Sektioun ze goen, déi ech wollt”, probéieren et dann nach eng Kéier, allerdéngs ouni d’Garantie dat dann och z’areechen.”
Effektiv hätt een dëst Joer méi Schüler op de 5ièmen, wéi déi Jore virdrun, seet dozou de Romain Nehs, Chef vum Service vum Secondaire am Educatiounsministère. Dat hätt verschidden Ursaachen: “De System ass esou gestréckt ginn, dass mer am Fong iwwert déi 3 Jore vun deenen ënneschte Klassen, vu 7ième bis 5ième also, mam Schüler zesumme jeeweils kucken, wéi d’Resultater sinn an en en fonction vu senge Resultater drop opmierksam maachen, wat ëm no der 5ième vu Méiglechkeeten nach opsteet. Natierlech ass dat e Prozess, deen e bëssen en Ëmdenken erfuerdert par Rapport zu der Aart a Weis, wéi mer bis elo gefuer sinn.”
D’Zil vun der Reform wier gewiescht, d’Schüler net ze fréi ze verléieren, och well Etude géingen drop hiweisen, datt Redoublementer de Jonken net vill bréngen. Et wier awer effektiv Zäit, e Bilan ze zéien. Et wier ee schonn am Austausch mat de Schouldirektiounen, d’Gewerkschafte sollen deemnächst kontaktéiert ginn.
Weidert Uleies vun der Féduse: d’Recommandatioune vun de Kommissiounen, déi fir d’Inclusioun vu Schüler mat spezifesche Besoinen zoustänneg sinn, wiere schwéier ëmzesetzen. Et hätt een d’Gefill, datt d’Zuel vu Schüler, déi en adaptéierte Programm kréien, zougeholl hätt, seet de Raoul Scholtes: “A gläichzäiteg ass d’Verständnis um Terrain net méi do, firwat da grad elo déi do Amenagementer a firwat grad do. Dat heescht do ass och d’Kommunikatioun net perfekt an och dorunner misst wierklech geschafft ginn. Et ass natierlech e quokelegt Thema. Well et wëll ee jo, dass déi Schüler, déi et brauchen, et op alle Fall kréien. Dat ass enorm wichteg. Mee dass ebe just déi et kréien, déi et och wierklech brauchen an dass do déi richteg Kontroll ass.”
Sécher kéint d’Kommunikatioun verbessert ginn, seet dozou de Romain Nehs vum Educatiounsministère, doru géing een d’Schoulen och gär erënneren. Et wier awer net sou, datt Schüler en adaptéierte Programm kréien, déi dat net brauchen: “Déi Decisioune leien an der Hand vun enger onofhängeger Kommissioun an do musse mer schonn dovunner ausgoen, datt déi Amenagement dann och de Besoinen entspriechen, déi d’Schüler hunn.”
Et géing een iwwerdeems gesinn, datt d’Besoine vun de Schüler duerch d’Corona-Kris méi grouss gi sinn, esou nach de Romain Nehs.
