Et geet an d'PilotphasSchnelltester a Schoulen: An der Nues bueren erwënscht

Pierre Weimerskirch
Nach dës Woch leeft eng Pilotphas a verschiddene Schoulen uechtert Land, wou een am Gaangen, ass éischt Erfarunge mat de Selbsttester ze sammelen.
Schnelltester an de Schoulen
Nach dës Woch leeft eng Pilotphas a verschiddene Schoulen uechtert Land, wou een am Gaangen, ass éischt Erfarunge mat de Selbsttester ze sammelen.

No der Ouschtervakanz sollen am ganze Land Schnelltester an de Schoulen agesat ginn. D’Schnelltester an de Schoule solle bis no der Ouschtervakanz Realitéit ginn. An enger Pilotphas goufen éischt Erfarunge gesammelt. D’ Kanner hätte positiv op d’Selbsttester reagéiert an obwuel et op Fräiwëllegkeet baséiert, hätte vill Eltere sech bereet erkläert matzemaachen.

D’Pilotphas soll elo iwwert d’Ouschtervakanz evaluéiert ginn. Fir den Ament wäert et éischter an déi Richtung goen, datt all Schüler am Prinzip eemol an der Woch soll getest ginn. Weider Detailer misst een elo klären, ob ee beispillsweis ëmmer ganz Klasse mateneen test oder iwwert d’Woch verdeelt eenzel Gruppen.

Eng hallef Millioun Tester si mëttlerweil zu Lëtzebuerg disponibel, weider Commandë goufe gemaach. D’Tester, déi elo an de Schoulen agesat ginn, géifen den internationale Standarde Rechnung droen a wiere vun onofhängegen auslännesche Laboen evaluéiert ginn. Et géif een déi nämmlecht Tester asetze wei déi, déi an Éisträich zanter Wochen an de Schoulen agesat ginn.

Eng 120 Dausend Tester gi pro Woch gebraucht, fir d’Personal an d’Schüler ze testen. De Stufe-Modell géif bis op Weideres bäibehale ginn an e positive Schnelltest mat engem positive PCR-Test gläichgestallt ginn.

Iwwert d’Ouschtervakanz wëll den Educatiounsministère weider Detailer bekannt ginn.

D’Evolutioun an de Schoulen: 435 Schüler an Enseignanten hu sech d’lescht Woch infizéiert

Back to Top
CIM LOGO