
An de Schoule goufen d’lescht Woch 435 Schüler an Enseignantë positiv op de Coronavirus getest. 38 méi wéi déi Woch virdrun. Dat deelt den Educatiounsministère mat.An 325 Fäll ass et bei engem isoléierte Fall an der Klass bliwwen.51 Fäll gouf et am Zenario 2, dat heescht zwee Fäll an enger Klass.Et gouf och 36 Fäll mat 3 bis 5 Infektioune pro Klass.An 4 gréisser Clustere gouf et d’lescht Woch, also méi wéi 5 Fäll an enger Klass - 22 Schüler an een Enseignant ware betraff.Déi Clustere waren an der Brill-Schoul zu Esch. Do gouf et am Ganze 6 positiv Fäll an enger Klass.Weider gouf et 7 Fäll an enger Klass am Cycle 1 an der Schoul „Bei de Wäschbieren“ zu Esch. D’Woch virdru war eng Enseignante positiv getest ginn.Da gouf et nach zwee Clusteren an zwee Lycéeën, dem Lycée Aline Mayrisch an dem Jongelycée. All Kéiers war eng Premièresklass betraff. 8 Schüler waren am Aline Mayrisch positiv, 7 am Jongelycée. D’Schreiwes schwätzt an deene Fäll vun enger Infektiounsquell baussent der Schoul.
| COVID-19: Évolution de la situation dans les écoles luxembourgeoises entre le 22 et le 28 mars 2021 (01.04.2021) | |
| |
Le bilan chiffré des élèves et enseignants testés positifs à la COVID-19 se rapporte à l’ensemble des établissements scolaires de l’enseignement fondamental/primaire et secondaire public et privé et des Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée situés sur le territoire du Luxembourg. Dans la semaine du 22 au 28 mars 2021:
Le détail de la situation entre le 22 et le 28 mars 2021 est repris dans le communiqué ci-après. |