
RTL-News: Educatiounsministère zitt Bilan - Situatioun an de Schoulen hätt sech no der Fuesent berouegt, esou de C. Meisch Et misst ee kucken, wéi effikass déi Mesure ass. Suerge mécht d’Enseignantsgewerkschaft sech awer driwwer, wat geschitt, wa positiv Fäll fonnt ginn.
“Dat soll jo da bei deene Kanner aus der Spillschoul an aus dem Precoce doheem geschéien. Mellen d’Elteren dat dann och, esou wéi dat soll sinn? Dat muss een da gesinn. Op där anerer Säit hu mer bis elo misste feststellen, datt d’Zesummenaarbecht tëschent der Santé an der Educatioun bis elo net wierklech gutt fonctionéiert huet, esou datt mir eis wierklech d’Fro stellen, ob dat mat Zäite gemellt gëtt. Tester mat enger gewësser Diskretioun ze behandelen, kann an der Realitéit net wierklech garantéiert ginn. Wann den Test an der Schoul positiv uweist, ass et warscheinlech net ze verhënneren, datt dat allgemeng bekannt gëtt an dat sollt een de Leit am Viraus och soen.”
De Patrick Arendt ënnersträicht och nach, datt d’Enseignantë sech Gedanken driwwer maachen, wat mat deene Schüler geschitt, bei deenen de Schnelltest positiv ass an déi net direkt vun den Eltere kënnen ofgeholl ginn.