Eng ganz Partie Leit déi sech e Mëttwoch den Owend um Punkt 18 Auer wollten ob impfen.lu umellen, fir mam Impfstoff vun AstraZeneca geimpft ze ginn, kruten eng Feelermeldung. De Server war nämlech opgrond vun der héijer Nofro zesummegebrach. Bis zu 25.000 Connectioune ware registréiert ginn, seet den Nico Majerus, Directeur adjoint vum CTIE. Bis en Donneschdeg am Nomëtteg haten eng 20.000 Leit sech fir de Vaccin ageschriwwen. Disponibel sinn den Ament awer nëmmen eng 15.000 Astra-Dosen.
Vill Leit sinn awer nach onsécher, ob d‘Androen op der Waardelëscht geklappt huet. Dozou erkläert den Nico Majerus, datt Persounen, déi bis zum Schluss vun der Demarche koumen, also ob „Transmettre“ geklickt hunn, ugemellt sinn. Wa si lo nach eng Kéier probéieren, sech ze registréieren, a beim Androe vun hirer Matricule eng Feelermeldung kréien, da wieren se och sécher agedroen. An dat och am Fall, wou se keng E-Mail als Confirmatioun kritt hunn.
Vun 22 Auer e Mëttwoch den Owend u wier de Site, fir sech anzeschreiwen, dann dunn och erëm besser gelaf. Wëll béid Sitten iwwer MyGuichet.lu funktionéieren, koum et zäitgläich zu Problemer, fir sech beim Lage Scale Testing unzemellen. Och do kéim een awer rëm duerch.
De Luc Feller Haut-Commissariat à la Protection nationale rechent domat, datt, wann d’Vaccine sou geliwwert ginn ewéi erwaart, d’nächst Woch schonn déi éischt Invitatioune kënnen un déi Fräiwëlleg vun der Lëscht verschéckt ginn.
Iwwer 20.000 Leit hu sech also mëttlerweil op déi Lëscht agedroen. Een dovun ass de Premier Xavier Bettel, deen den Donneschdeg de Mëtteg zesumme mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert den Impfzenter zu Esch besicht huet. De Prinzip vum éischten ass vir, gëllt trotz Chaos weider. Éischt Invitatioune kéinte schonn an e puer Deeg geschéckt ginn. Am Laf vun der nächster Woch kéint d'Phas 5 vun der Impfcampagne ofgeschloss ginn, jee nodeem wei d'Liwwerunge vun de Vaccinen ukommen. Da géif d'Phas 6 lancéiert ginn an och éischt Persoune vun der fräiwëllege Lescht invitéiert ginn.
Leit tëscht 30 a 54 Joer kënnen sech nach ëmmer op déi Lescht androen, fir fräiwëlleg AstraZeneca ze kréien. Fir d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass et wichteg, datt jidderee sech gutt informéiert, éier ee sech aschreift.
Impfen.lu: un engagement sans précédent pour la vaccination au Luxembourg (22.04.2021)
Communiqué par: ministère d'État
18.000 personnes inscrites sur la liste d'attente contre la COVID-19 avec le vaccin Vaxzevria® (AstraZeneca) ce matin, 22.04, à 10 heures.
Depuis la mise en ligne du formulaire d'inscription sur MyGuichet.lu jusqu'à minuit hier soir plus de 12.500 démarches ont été transmises sur les serveurs du CTIE et témoignent donc du fort intérêt des citoyens de se faire vacciner volontairement contre la COVID-19 avec le vaccin Vaxzevria.
Une nette augmentation des requêtes a pu être constatée depuis l'ouverture du formulaire. En tout plus de 100.000 visiteurs uniques ont été comptabilisés sur le portail Guichet.lu, le single point of contact pour les démarches étatiques pour la journée du 21 avril. Ce même jour, les pages du portail ont été consultées plus de 480.000 fois avec un pic de 116.000 pages consultées entre 18 et 19 heures.
Sur les équipements techniques délivrant le formulaire d'inscription, plus que 25.000 connexions parallèles accédant le formulaire au même instant ont pu être constatées directement après sa mise en ligne.
Ce nombre exceptionnel de connexions simultanées est sans précédent. Bien que le CTIE s'était préparé à une nette augmentation en charge, le succès de la démarche a dépassé les capacités des systèmes informatiques du CTIE. Durant la nuit, le personnel du CTIE a mis en place des mesures nécessaires pour assurer la prise en charge d'un nombre de requêtes nettement plus élevé.
Le site impfen.lu restera en ligne les prochaines journées permettant ainsi aux résidents, qui n'auraient pas su s'inscrire hier soir sur la liste, de réitérer leur inscription.
RTL-NEWS: impfen.lu zanter e Mëttwoch den Owend 18 Auer online