Zanter e Mëttwoch 18 Auer fonctionéiert de Site impfen.lu, wou ee sech kann op eng Waardelëscht aschreiwen, fir geimpft ze ginn.

Concernéiert sinn d’Leit tëscht 30 a 54 Joer, déi sech fräiwëlleg mat AstraZeneca wëllen impfe loossen.

Zanter e Mëttwoch 18 Auer kann ee sech um Internetsite aschreiwen. Per Post kritt een dann eng Invitatioun, fir e Rendez-vous ze huelen. Den Interêt fir sech unzemellen war dann och direkt ganz grouss, wéinst de villen Demanden war et deelweis schwéier bis net méiglech sech fir e Mëttwoch den Owend unzemellen.

Enn nächster Woch kéinten déi éischt Leit dann hire Rendez-vous huelen.

Dat Ganzt kéint sech iwwer Wochen, souguer Méint zéie bis een invitéiert gëtt, jee nodeem wéi vill Leit sech mellen.

Bis en Donneschdeg de Moien 8.30 Auer hate sech ronn 15.000 Leit um Site impfen.lu ageschriwwen.

Aktuell sinn 81,3% vum Vaccin, dee mer geliwwert kruten, verimpft, sou de Premier e Mëttwoch den Owend op enger Pressekonferenz.

Dës Fräiwëlleg tëscht 30 a 54 Joer ginn dann nom Prinzip vum "éischten ass vir" invitéiert, jee no Disponibilitéit vum Vaccin. Enn nächster Woch, wann all d’Invitatioune vun der Impf-Phas 5 verschéckt goufen, kéinten och schonn 1. Invitatioune fir déi mi jonk AstraZeneca-Volontairen erausgoen. Sollt hire „regulären“ Tour awer schonn dru sinn, ier AstraZeneca Vaccin disponibel ass, géifen dës Leit natierlech da scho geruff ginn. Et sollt kee bestrooft ginn, dee sech fräiwëlleg mellt. Dat huet de Premier ënnerstrach.

Am Fall vun eventuellen Niewewierkunge bei enger fräiwëlleger AstraZeneca Impfung, géif de Staat och weiderhin haften.

Am Kontext vun der Pressekonferenz goufen ënnert anerem och Informatiounen zu den Niewewierkungen, déi zu Lëtzebuerg no de Corona-Impfungen opgetruede sinn, public gemaach.

Schreiwes vum Gouvernement

Procédure mise en place pour les personnes souhaitant se faire vacciner volontairement avec le vaccin Vaxzevria (21.04.2021)
Communiqué par: ministère d'État / ministère de la Santé


Comme décidé lors du Conseil de gouvernement en date du 16 avril, les personnes âgées entre 30 et 54 ans auront la possibilité de s’inscrire en ligne sur une liste d’attente et y manifester leur intérêt de se faire vacciner volontairement contre la COVID-19 avec le vaccin Vaxzevria (anciennement Astra Zeneca).

Cette liste sera ouverte à partir du 21 avril à 18 heures. Toute personne intéressée pourra s’y inscrire sur Guichet.lu via impfen.lu ou via le site www.covid19.lu : https://guichet.public.lu/fr/citoyens/sante-social/coronavirus/vaccination/liste-attente-astra-zeneca.html. Les personnes inscrites sur cette liste recevront une invitation selon la date d’inscription et en fonction de la disponibilité du vaccin Vaxzevria.

Cette possibilité est offerte, afin d’éviter que des doses du vaccin restent inutilisées, et de permettre surtout à une population plus jeune de se faire vacciner dans un délai plus avancé.