
D’CSV verlaangt eng Schnelltest-Obligatioun fir d’Personal a Visiteure vun Alters- a Fleegeheemer an och vu Strukture fir Leit mat Handicap.
Déi respektiv Gesetzpropositioun vum Deputéierte Michel Wolter stoung en Dënschdeg de Moien eng éischte Kéier zur Diskussioun an der parlamentarescher Santéskommissioun. Do goung et nach net an d’Déift, ma ënnert de Membere vun där Kommissioun géif et op alle Fall e Konsens ginn, datt alles muss dru gesat ginn, fir déi Vulnerabel weiderhi sou gutt et geet ze protegéieren, och wa vill Concernéierter entretemps geimpft sinn.
Et bleift ëmmer nach e gudden Deel vu Prestatairen, Employéen, déi net geimpft sinn, nach net geimpft sinn oder net wollte geimpft ginn. Do ass et absolut pertinent, datt ee sech Gedanken driwwer mécht, wa keng Impfung do ass, wéi een iwwer en anere Wee – testen – dee Schutz ka verbesseren. Et muss een eben elo all Elementer kucke vun enger méi erzwongener Test-Serie an do gesäit ee jo schonn eng Rei Initiativen um Terrain. Mir hunn also Interêt, fir déi Initiativen och vum rechtlechen an aarbechtsrechtleche Kader sou gutt wéi méiglech ze begleeden, sou den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo, President vun der Santéskommissioun.
De Michel Wolter gouf als Rapporter vu sengem Text designéiert. Lo misst gekuckt ginn, ob et bei enger Proposition de loi bleift, oder ob d’Iddie vum CSV-Deputéierten an en nächst Covid-Gesetz afléissen, sou de Mars di Bartolomeo.
An enger éischter Phas gëtt elo d’Regierung opgefuerdert, Positioun ze bezéien. Dono gëtt d’Gesetzpropositioun dann am Detail an der Santéskommissioun diskutéiert.
Initiative vum Parlament géingen op alle Fall net op déi laang Bänk gedréckt ginn a séier traitéiert ginn, betount nach den LSAP-Politiker di Bartolomeo.
