Gréissere Coup géint d'Drogekriminalitéit5 Leit verhaft - Drogen, Suen, Autoen an Handye saiséiert

RTL Lëtzebuerg
No 6 Méint Enquête ass et der Police judiciare gelongen en internationalen Drogereseau opfléien ze loossen.
© Police

Et geet ëm d’Vente am grousse Stil vun Heroin a Kokain, dat am lëtzebuergesch-franséische Grenzgebitt. Zentrum vun den Aktivitéite waren Däitsch-Oth an Esch. Do goufen et och Perquisitiounen.

5 Leit sinn Ugangs Juni verhaft ginn.

Et goufen 3 Kilo Heroin, 1,5 Kilo Kokain, ongeféier 26.000€ Boergeld saiséiert, sou wéi och Autoen, Handyen an Dokumenter.

D’Lëtzebuerger an déi franséisch Autoritéiten hunn an dësem Dossier enk kooperéiert.

Vu Lëtzebuerger Säit Aus ware 70 Polizisten an Douanieren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO