Mat 52 StëmmenGesetz iwwert d'Videoiwwerwaachung vun der Police gouf an der Chamber ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Wärend der Debatt an der Chamber goung et dann och deels méi hëtzeg hir, déi Lénk an d'Pirate gesinn d'Gesetz als ganz kritesch un.

An der Chamber gouf en Donneschdeg de Mëtten d’Gesetz iwwert d’Videoiwwerwaachung vun der Police mat den 52 Stëmme vun der Majoritéit an der CSV ugeholl… déi Lénk hunn dogéint gestëmmt, grad wéi d’Piraten. Béid Parteie gesinn d’Kameraiwwerwaachung ganz kritesch. D’ADR huet sech enthalen, well fir si d’Videoiwwerwaachung manner misst limitéiert ginn.

Wéi d’Rapportrice vum Text, déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain, ervirgestrach huet, krut de Vott vum Gesetz eng gewëssen Urgence, well et och d’Iwwerwaachung vum neie Futtball-Stadion couvréiert… do soll jo den 1. September fir d’éischt e Match an der WM-Qualifikatioun gespillt ginn. Am Gesetz ginn d’Konditioune festgeluecht, ënnert deene Kameraen dierfen installéiert ginn, wéi d’Biller dierfe benotzt ginn, a wéi d’Rechter vun de Bierger geschützt ginn. Sou dierf nëmmen op d’Videoiwwerwaachung zréckgegraff ginn, wann et op enger Plaz vill Kriminalitéit gëtt a wann all aner Moyenen net duerginn, fir deem entgéint ze wierken.

D’Rapportrice Stéphanie Empain: “Dëst Gesetz gesäit elo vir, datt d’Videosurveillance vum zoustännege Minister kann autoriséiert ginn, dëst zum Zweck vun der Präventioun, der Recherche an der Constatatioun vu penalen Infraktiounen. D’Autorisatioun gëllt ëmmer fir 3 Joer. D’Bildmaterial gëtt spéitstens 2 Méint nom Enregistrement definitiv geläscht, et sief dann dës Donnéeë ginn am Kader vun enger Enquête préliminaire oder enger Instruction judiciaire gebraucht. (...) Well et sech bei der Videosurveillance ëm eng invasiv Mesure handelt, ënnerläit dëst der Konditioun, datt all déi aner Mëttel, déi verhënnere sollen, dass Infraktiounen do begaange ginn, versicht gi sinn a sech awer als ineffikass erwisen hunn an dass se sech op Beräicher limitéiert, wou e besonnesche Risk besteet, dass Infraktioune vun enger gewësser Gravitéit begaange ginn.”

D’Stéphanie Emain an der Chamber

Wärend der Debatt goung et dann och méi hëtzeg hir – den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet gefrot ob déi gréng op der Säit vun den Affer oder vun de Verbriecher wieren: “D’LSAP kënnt a mécht e wëssenschaftlechen Discours e bëssen, fir dat Ganzt ze subliméieren. An da kommen déi gréng an déi entschëllege sech praktesch hei oder probéieren de Wee ze fannen, fir dat do iergendwéi virun hirem Electorat ze justifiéieren an et ass ëmmer déi selwecht Fro - wou stinn déi gréng? Stinn se op der Säit vun deenen, déi Affer sinn oder stinn se op der Säit vun deenen, déi Verbriecher sinn? -entsate Reaktiounen, Gebläers- De Chamberpresident Fernand Etgen: Här Kartheiser...”

De Fernand Kartheiser an der Chamber

De Chamberpresident Fernand Etgen, deen den ADR-Deputéierte gefrot huet, Beleidegungen z’ënnerloossen. De François Benoy hat a senger Ried op d‘Limitte vun der Videoiwwerwaachung higewisen a begréisst, datt mam neien Text d‘Verhältnisméissegkeet an d’Néidegkeet géing garantéiert ginn. De gréngen Deputéierten huet de Fernand Kartheiser gefrot, sech fir seng Ausso z’entschëllegen, dat huet deen awer net gemaach.

Hei en entspriechend Schreiwes vum Ministère fir Bannenzegt Sécherheet.

RTL-News: 3 Infrastruktur-Projete fir den Norde goufen um Donneschdeg gestëmmt

Back to Top
CIM LOGO