Neit Covid-GesetzOuni zertifiéierten Test no Hallefnuecht musse Clientë selwer Protokoll bezuelen

Tim Morizet
D'Etablissement ass awer vum Gesetz hier opgefuerdert, de Besëtz vun esou engem zertifiéierten Test vum 15. Juli un no Mëtternuecht ze kontrolléieren.

Santéskommissioun - Reportage Tim Morizet

De Gesetzesprojet fir dat neit Covid-Gesetz gouf e Freideg de Mëtteg an der Santéskommissioun vun der Chamber presentéiert a schéngt och bei der Oppositioun op méi Zoustëmmung ze stoussen. Et ware ganz konstruktiv Gespréicher, preziséiert de Kommissiounspresident Mars Di Bartolomeo. Vill Suggestioune wiere vun der Gesondheetsministesch mat op de Wee geholl ginn.

Dorënner och eng fir déi nei Mëtternuechtsreegel. Nom 15. Juli ons gëllen no Hallefnuecht jo keng Auto-Tester méi, mä just nach zertifiéiert Schnelltester. Hei sti Strofe vu bis zu 6.000 Euro am Raum: „D’Verantwortung fir d’Mëssuechtung vun der neier Reegelung läit net prioritär beim Café, Restaurant oder anere Lokaler. Mee bei deem, deen déi nei Dispositioun net respektéiert.“

Esou, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Dat heescht, datt just “Personnes phsysiques“, de Client dee fuddelt, sech strofbar mécht a ka protokolléiert ginn. De Proprietär vum Emplacement ass awer dem Gesetz no obligéiert, ze kontrolléieren, mécht en dat guer net, mécht och hie sech strofbar: „Dat heiten ass elo net fir d’Leit ze péngegen. Mee mir hunn an de leschten Deeg gesinn, datt bei deem Larifari, ganz labbere Partien an Evenementer d’Gefor am gréissten ass, datt de Virus nees Iwwerhand kritt.”

Et soll e ganz klore Message sinn, och aus der Chamber. D’Impfung, PCR a zertifiéiert Schnelltester wiere méi sécher a gutt accessibel fir jiddereen.

D’CSV fënnt et awer regrettabel, datt hei jiddereen an een Dëppe gehäit gëtt an den Horesca an och aner Evenementer mat bestrooft ginn, esou den Deputéierte Claude Wiseler: „Mir hätten eis wierklech gewënscht, datt een hei méi cibléiert un déi Lokaler dru gaange wär, déi effektiv Schwieregkeete gemaach hunn an, datt déi Mesuren net esou generell agefouert gi wieren, ewéi dat elo de Fall ass.“

Och d’Piratepartei begréisst d’Ännerung am Text bedauert awer, datt de Schnelltest eng ze grouss Valeur kritt. De Marc Georgen, vun de Piraten: „Mir gesinn déi Schnelltester kritesch. Et ass de Facteur, dee fir eis am kriddelegsten ass fir, datt de Virus iergendwou erakënnt. Wann esou e Schnelltest sëlwer gemaach ass an dat net richteg, da weist en näischt Valabeles un. Mee och déi zertifiéiert Schnelltester sinn eis ze laang gülteg. An 48 Stonne ka vill geschéien.“

Generell gouf et vun den Oppositiounsparteien awer wéineg Verstees-de-mech fir d’CovidCheck-Reglementatioun doheem. Dëst wier quasi onméiglech ze kontrolléieren, esou nach de Constat.

RTL-Artikel: Nei Problemer fir d’Betriber: D’Horesca gesäit déi certifiéiert Schnelltester no Hallefnuecht kritesch

Back to Top
CIM LOGO