Op der SchanzD'Awunner fäerten ëm hiren Duerfkär, Recours vun 106 Bierger agereecht

RTL Lëtzebuerg
Op der Schanz suergt de Projet, déi al Schoul ofzerappen an do, wou elo de Schoulhaff ass, eng Residenz mat 6 Sozialwunnengen ze bauen, fir décke Buttek.
Reaktioun vum Maître Krieger iwwer de Recours
Op der Schanz suergt de Projet, déi al Schoul ofzerappen an do, wou elo de Schoulhaff ass, eng Residenz mat 6 Sozialwunnengen ze bauen, fir décke Buttek.

Affär Schanzer Duerfkär / Reportage Dany Rasqué

Si hate virun engem Mount an de Biergerversammlungen argumentéiert, datt se duerch dëse Projet hir Duerfplaz géife verléieren an haten deene Gemengeresponsabelen du scho kloer an däitlech ze verstoen ginn, wat se vum Projet halen.

“Mir si Schanzer, mir bleiwe Schanzer a mir wëllen dee Projet do op kee Fall op där Plaz. Setzt en anzwousch anescht. Sozial Wunnenge kee Problem, mä duer kënnt en net.”

“Dat gëtt e bëssen e Ghetto, och déi ginn zu 6 Stéit do net glécklech.”

Méi wéi d’Hallschent vun der erwuessener Populatioun aus dem Duerf huet Eescht gemaach an den Affekot Georges Krieger chargéiert, fir e Recours en annulation ze maachen. Hien erkläert den Engagement vu senge Mandanten:

“Si sinn net just einfach passiv dogéint, mä si sinn och aktiv dogéint a gi bei en Affekot, fir e Recours en annulation eranzereeche géint eng Decisioun vum Gemengerot, wou eng Place publique soll enger Organisatioun iwwerschriwwe ginn, déi wärend 50 Joer do kann e Logement opriichten, fir sozial Wunnengen oder ech weess net wat.”

Fir de Problem ze verdäitlechen, dee seng Mandante mam Projet hunn, mécht de Maître Krieger dëse Verglach.

“Et ass genau, dat selwecht, wéi wann hei an der Stad, d’Buergermeeschtesch, mat hirem Schäfferot géif decidéieren, wärend 50 Joer, dem Fonds de Logement, d’Place d’armes zur Verfügung ze stellen, fir datt de Fonds du Logement op der Place d’armes kann e Gebai opriichten fir sozial Wunnengen. Dee Moment wier d’Opreegung ënnert de Bierger vun der Stad Lëtzebuerg genee sou grouss, wéi elo d’Opreegung vun de Bierger vun Altréier. Ech froe mech, wat dat an den nächste Gemengewale gëtt.”

Enger eventueller Argumentatioun, datt d’Gemeng hei d’Politik vun der Regierung géif ëmsetzen, gräift den Affekot scho mol vir a betount, de Buergermeeschter, de Schäfferot an de Gemengerot wieren do fir déi Leit, déi se gewielt hunn an net fir d’Politik vun engem Ministère z’exekutéieren.

Soss wieren déi Posten iwwerflësseg an et géif duergoe mat, zum Beispill, engem Regierungskommissär.

Sträit ëm al Schoul: Schanzer Leit stelle sech massiv géint e Projet vun hirem Schäfferot

Back to Top
CIM LOGO