Uni-Recteur am RTL-Interview "Mir hu keen op der Strooss gelooss"

RTL Lëtzebuerg
D'Uni Lëtzebuerg bestätegt d'Presenz vu Legionellen an dem Studentewunnheem vun den Dominikanerinnen um Lampertsbierg.
Uni-Recteur am RTL-Interview
D’Uni Lëtzebuerg bestätegt d’Presenz vu Legionellen an dem Studentewunnheem vun den Dominikanerinnen um Lampertsbierg.

Et hätt een awer keen ee vun de 60 betraffene Studenten op der Strooss gelooss, wéi d’Residence elo kuerzfristeg zougemaach gouf, sou de Recteur Stéphane Pallage am RTL-Interview.

Um Donneschdeg hate mer gemellt, datt eng 60 Studenten hu missen quasi vun engem Dag op deen aneren hiert Zëmmer verloossen.

Am Waasser ware Bakterien a Legionellen festgestallt ginn. D’Studente wieren eng Woch an Hoteller ënnerkomm. Iwwerdeems hätt d’Rektorat vun der Uni hinnen alternativ Wunnengen gesicht. Logementer, déi iwwregens méi modern wieren wéi déi um Lampertsbierg. Well et un Offer feelt, wier et leider net méiglech d’Studente weider an der Stad Lëtzebuerg ze logéieren. Dëst gefält net jidderengem ënnert de Studenten. Verschiddener hu bis elo deen neie Kontrakt, deen hinne proposéiert gouf, refuséiert. Obschonn d’Uni Lëtzebuerg zwee Méint Loyer noloosse géif an fir all weider Käschten opkomme géif, sou d’Rektorat.

D’Studente froe sech awer och, wisou alles elo huet mussen sou plëtzlech goen, obwuel si schonn zanter Oktober 2019 op Problemer mam Waasser higewisen hätten.

Den Direkter vun der Uni Lëtzebuerg, Stéphane Pallage erkläert, dass am iwwer 100 Joer ale Gebai reegelméisseg Analyse vum Waasser duerchgefouert gi wieren. Den Taux u Belaaschtung, dorënner och Legionellen, hätt bis viru kuerzem ënnert den international unerkannten Normen geleeën. Et hätt een iwwer Joren ëmmer an Zesummenaarbecht mat professionellen Entreprisen reagéiert.

Aarbechten un der Leitung an enger Strooss beim Klouschter hu mat sech bruecht, datt d’Waasser elo nees virun kuerzem méi verknascht war. D’Studenten hu reagéiert. An op Grond vu grad dësen Analysen gouf dunn nees ee méi héijen Taux u Legionellen festgestallt.

Well d’Gesondheet virgoe géif, wier du séier gehandelt ginn, sou de Stéphane Pallage. D’Studente wieren relokaliséiert ginn.

Um 102 Pasteur Strooss mussen elo gréisser Aarbechten un der Residenz, déi dem Staat gehéiert, gemaach ginn. Ier d’Studentewunnengen, déi an der Stad Lëtzebuerg rar sinn, erëm kéinte genotzt ginn, sou de Recteur vun der Uni weider

Back to Top
CIM LOGO