60 Studenten hu missen hiert Zëmmer raume wéinst Legionellen am Waasser
Scho virun enger Zäit haten d'Studenten drop opmierksam gemaach, dass eppes mam Waasser net géing stëmmen.
Eng 60 Studente vun der Uni Lëtzebuerg hu musse kuerzfristeg an op onbestëmmten Zäit hir Zëmmeren am Studentenheem Résidence des Dominicains um Lampertsbierg an der Avenue Pasteur raumen. Grond war knaschtegt Drénkwaasser a Legionellen, also Bakterien, déi krank kënne maachen.
Virun enger Woch sinn d'Studenten an enger Informatiounsversammlung vun der Uni dorop higewise ginn, dass et bei hinne géinge Problemer mam Leitungswaasser ginn. En Donneschdeg hu vill vun hinne lescht Saachen aus hiren Zëmmeren ofgeholl. Betraff si wéi gesot 60 Persounen. Eng vun de Studentinnen huet eis erkläert, wat passéiert ass:
"Mir haten zanter 2 Joer schonns gefrot, datt eist Waasser géing kontrolléiert ginn. An eréischt elo hu se eist Waasser kontrolléiert. An déi hunn eppes Geféierleches fonnt, wéi Legionellen an eppes aneres Geféierleches, wat se eis net matgedeelt hunn a refuséiere matzedeelen. A lo froe se eis all auszezéien an enger Zäitspan vun 2 Deeg. A se forcéieren eis séier ze reagéieren a Kontrakter z'ënnerschreiwen, ouni datt déi nei Konditiounen an de Kontrakter stinn."
Am Oktober 2019 hätten d'Studenten d'Uni schonns dorop higewisen, dass d'Leitungswaasser net propper wier. Ma geschitt war deemools awer näischt. Grond fir d'Verknaschtung vum Waasser kéinten al Leitunge sinn. D'Gebai huet schonns méi wéi 100 Joer. Ma wéi um Site vum Héichschoulministère ze liesen ass, ass et 2005 ënnert der Responsabilitéit vum Fonds de logement fir Studente reamenagéiert ginn. En Donneschdeg de Mëtteg huet d'Uni op Nofro vun RTL mat engem Communiqué reagéiert. Bei Analyse vum Waasser wieren eng Verschmotzung an och Legionellen-Bakterie festgestallt ginn. D'Verschmotzung wier awer net als kritesch fir Gesondheet agestuuft ginn, ma fir sécher ze goen, hätt een d'Studenten an Hoteller ënnerbruecht. Dëst awer nëmme bis en Donneschdeg.
"Lo hu se eis a Residenzen ënnerbruecht, wou se eis virdru versprach haten, dass se géinge mat jidderengem perséinlech kucken. Dass se géinge perséinlech Interviewe maachen a kucken, wie kann a wéi enger Residenz ënnerbruecht ginn. Mä ganz kloer hu se dat net gemaach, well d'E-Maile sinn einfach esou verschéckt ginn. Menges Wëssens no ass kee kontaktéiert ginn."
Fir vill Leit géing en Zëmmer an engem Studentenheem 20-30 Kilometer vun der Stad ewech zu Problemer féieren, wéi dëse Student ënnersträicht. Si wéilte léiwer en Zëmmer an der Stad, wéi dat och versprach gi wier:
"Nodeems mer en Treffe mam Direkter haten, an hien hat eis versprach, datt mer géingen an der Stad ënnerbruecht ginn, well déi meescht Studenten international sinn, an déi meescht schaffen oder studéieren an der Stad. Dofir ass et fir si wierklech wichteg heizebleiwen. Lo ass eisen Openthalt am Hotel eriwwer a mir sinn op der Strooss. A mer wëssen net wouhinner."
En Entgéintkommen, wat de Studente gemaach gouf, ass, dass si de Loyer vun 2 Méint nogelooss kruten. Am Communiqué huet et och nach geheescht, dat falls déi aner Studentenheemer méi deier wieren, d'Studenten d'Differenz bis zum Enn vun hirem Studenteprogramm zréckkréichen. Ob oder bis wéini d'Residence des Dominicains erëm fir Studente genotzt gëtt, war net gewuer ze ginn.
Schreiwes vun Uni.lu
Schließung des Studierendenwohnheims Résidence des Dominicaines
Die Universität Luxemburg hat beschlossen, die Résidence des Dominicaines, ein Wohnheim für etwa 60 Studierende in Luxemburg-Limpertsberg, kurzfristig zu schließen.Grund dafür sind die Ergebnisse von Wasseranalysen, die im Auftrag der Universität in diesem Studierendenwohnheim durchgeführt wurden und ergaben, dass in einigen Warmwasserproben eine hohe Trübung sowie eine Kontamination einiger Proben mit Legionellen vorlag.
Obwohl das Ausmaß der Kontamination nicht als kritisch eingestuft wird, hat die Universität als Vorsichtsmaßnahme und zum Schutz der Gesundheit der Bewohner beschlossen, alle Bewohner kurzfristig umzuquartieren. Die Gesundheitsbehörde ist über die Situation informiert worden.
Die Bewohner wurden auf einer Informationsveranstaltung am 1. Juli informiert. In einem ersten Schritt wurden sie auf Kosten der Universität in Hotels und Apart-Hotels untergebracht. Sie sind dabei, in andere Universitätswohnheime verlegt zu werden.
Um die Unannehmlichkeiten des Umzugs zu kompensieren, hat die Universität allen Bewohnern zwei Monatsmieten erlassen.
Für den Fall, dass die Kosten für die Anmietung der vorgeschlagenen neuen Universitätsunterkunft die aktuelle Miete in der Résidence des Dominicaines übersteigen, wird die Differenz von der Universität bis zum Abschluss des Studiengangs des Studierenden übernommen.