
Déi lescht Woch hu sech 727 Residentë mat Covid-19 ugestach, dat sinn 102 Fäll manner wéi déi Woch virdrun, respektiv e Minus vun 12 Prozent. D’Zuel vun de PCR-Tester, déi gemaach goufen, ass par conter an d’Luucht gaangen op knapp 50.000.
Wann een de Wochebilan vun der Santé kuckt, fält op, datt et net méi haaptsächlech déi Jonk sinn, déi sech den Ament ustiechen. Déi gréissten Hausse vun den Neiinfektioune gëtt et an der Alterskategorie tëschent 60 a 74 Joer. Do geet den Inzidenzwäert ëm 47 Prozent an d’Luucht, e Plus vu 14 Prozent gëtt et an der Altersgrupp vun de Leit, déi tëschent 45 an 59 Joer hunn, bei de Leit vu méi wéi 75 Joer a bei deene ganz Jonken tëschent 0 a 14 Joer gëtt et e Plus vu 16 Prozent.
Nach déi Woch virdru goufen dräi Véierel vun den Infektiounen an den Alterskategorien tëschent 15 an 29 respektiv tëschent 30 a 44 Joer festgestallt. Do ginn d’Zuelen elo awer erof.
Iwwer 7 Deeg gekuckt a pro 100.000 Awunner geet de globalen Inzidenzwäert erof. Vun 130 op 115. D’Famill war d’lescht Woch dann och erëm déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gouf, an engem Véierel vun de Fäll war si d’Source vun den Neiinfektiounen. Op zweeter Plaz de Loisir mat 16.7% an op drëtter Plaz war d’Educatioun mat 8,6 Prozent. Do goufen et 212 Fäll an engem Zenario 1, 17 Fäll an engem Zenario 2 an 12 Fäll an engem Zenario 3. Eng Infektiounskette gouf et net.
Bei 35 Prozent vun den Infektioune konnt een d’lescht Woch net soen, wou se hierkommen.
D’Situatioun an de Spideeler: Do goufen et d’lescht Woch 8 nei Admissiounen op enger normaler Statioun, op den Intensivstatioune bleift et bei 4 Better mat Covid-19-Patienten. D’Altersmoyenne läit bei 48 Joer.
D’lescht Woch sinn zwou Persounen, déi de Virus haten, gestuerwen.
D’Zuel vun de Leit, déi komplett geimpft sinn, läit elo bei knapp 310.000. Déi lescht Woch goufen iwwer 38.000 Leit geimpft.
Un Hand vun den Analysen, déi de LIST am Ofwaasser mécht, gëtt festgestallt, datt d’Presenz vum Virus sech stabiliséiert, op deem méi héijen Niveau, dee mer zënter dësem Mount hunn. D’Iwwerschwemmungen d’lescht Woch haten awer och Auswierkungen op de Suivi am Ofwaasser.
Wéi et mat deene verschiddene Varianten ass, dat deelt den nationale Gesondheetslaboratoire e Freideg mat.