Vum 12. bis den 18. Juli241 Corona-Fäll virun der grousser Vakanz

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 12. bis den 18. Juli goufen et am Ganzen 241 Corona-Fäll am Enseignement zu Lëtzebuerg. Déi Woch virdru waren et der 165.
© AFP (Archiv)

Vun allen Infektioune ginn der 212 dem Zenario 1 zougeuerdent, dat heescht, dass et 1 positive Fall an enger Klass gouf an de Virus sech net weider bannent der Schoul verbreet huet. Betraff waren 42 Grondschoulen, 39 Lycéeën an engem Centre de compétences.

17 Fäll waren et am Zenario 2, dat a 7 Grondschoulen, 5 Lycéeën an 2 Centre de compétences.

Am Zenario 3 gouf et 12 Fäll, dat an enger Grondschoul an a 4 Lycéeën. Dësen Zenario bedeit, datt bannent enger Klass 3 bis 5 Infektioune registréiert goufen.

Am Zenario 4 gouf et keng Fäll, dat heescht, dass et bannent kenger Schoul e Cluster gouf.
Am Ganze waren 28 Leit vum Personal infizéiert.

PDF: Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO