
“Mir sinn natierlech frou, datt et nees erlaabt gëtt, méi Normalitéit an d’Schoulen eranzekréien, andeems d’Kanner an d’Enseignantë kënnen ouni Masken den Unterrecht halen oder gehale kréien. En contrepartie ass et jo esou, datt deen zweeten Test, dee bis elo ëmmer doheem war, dann an der Schoul gemaach gëtt. Do hoffe mer natierlech, datt mer déi selwecht Flexibilitéit kënne behalen, déi mer d’lescht Joer och haten, dat heescht, dass den Enseignant selwer kann decidéieren, wéini en déi Tester mécht.”
RTL-News: Vun der Rentrée un - Déi sanitär Mesuren an der Schoul gi manner streng wéi virum Summer D’Gewerkschaft bedauert allerdéngs, datt de Minister net wëll op de Wee goen, fir Filteren ze installéieren, déi d’Loft an de Klasse botzen, fir datt manner dacks muss gelëft ginn.