D’Schüler an d’Enseignante mussen elo am Klassesall keng Mask méi undoen. Dat gëllt fir d’Primärschoul vum 1. Schouljoer un an och fir de Lycée. Am Gebai an am Bus muss awer weider d’Mask gedroe ginn. Vun elo u ginn am Fundamental 2 Schnelltester d’Woch gemaach an dat an der Schoul; am Secondaire och 2 d’Woch een an der Schoul an een doheem.
Schüler, déi geimpft oder nees gesond sinn, mussen net méi a Quarantän. Vum Cycle 2 u bleiwen d’Schoulen an d’Maison Relaisen op an engem sougenannten Zenario 1 oder 2, dat heescht wann et en eenzelen oder 2 Infektiounsfäll goufen, fir déi Schüler, déi geimpft oder nees gesond sinn - oder sech all 48 Stonnen teste loossen.
Déi Kanner, déi net geimpft oder nees gesond sinn, dierfen dann awer just an d’Schoul oder Maison relais a si fir de Rescht a Quarantän. Dee Moment mussen och wärend dem Cours nees Maske gedroe ginn.
Wann 3 bis 5 positiv Fäll an enger Klass sinn, dierfen nëmmen nach geimpft oder nees gesond Schüler an de Cours, mat Mask.
Wann et méi Fäll a méi Klassen an enger Schoul ginn, gëtt d’Situatioun vum Comité “Covid 19 and Education” analyséiert an eng spezifesch Léisung gesicht.
Domat géing een Elementer aus dem Covid-Check iwwerhuelen, awer just wann et och Fäll géinge ginn, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Et kéint een net Schüler systematesch aus der Schoul ausschléissen, wann de Risiko mol net an der Schoul present wier.
Zil vun den neie Mesurë wier et, sécherzestellen, datt d’Schoule kënnen opbleiwen an och Schoul doheem a Cours en alternance evitéiert ginn.
An de Maison relais muss eréischt vu Gruppe vun 10 Kanner u Masken ugedoe ginn. Am Cycle 1/Précoce a Spillschoul bleift et bei de Reegele vu virum Summer.
D’Ministeren hunn ënnerstrach, datt d’Tester an der Schoul alleguer gratis bleiwen.