Greenpeace ënnerstëtzt och dëse Freideg d'Manifestatioun vu Youth for Climate. D'Ëmweltorganisatioun fuerdert méi ambitiéis Klima- an Energieziler.

Et ass komplett berechtegt an immens wichteg d'Politik an d'Regierung ëmmer erëm op d'Klimakris opmierksam ze maachen an ze fuerderen, datt de Klimaschutz eng Prioritéit gëtt. Dat sot d'Myrna Koster vu Greenpeace Lëtzebuerg am Virfeld vun der Klimamanif e Freideg.

De Klimaschutz muss eng Prioritéit fir d'Regierung ginn

Et si keng nei Fuerderungen, ma awer kéime Saachen dem Myrna Koster no un an et géif och eppes areecht ginn, allerdéngs net séier genuch: "Et muss ee séier agéieren. Et dierf een net méi iwwerleeë wat ee mécht, mee et geet elo drëm Saachen ze maachen. A verschidde Secteure si scho Saache passéiert, an anere si se nach guer net dru gaangen."

E gutt Beispill dofir wier de Finanzsecteur. "Do traut sech keen drun ze goen. E Pensiounsfong, deen nach ëmmer net gréng gestallt ass, eng Finanzindustrie, an där an eisen Ae vill Greenwashing gemaach gëtt an net vill do hannendru stécht." Dat sot d'Myrna Kloster.
 
Greenpeace Lëtzebuerg fënnt, datt genee dee Secteur seng Responsabilitéit misst iwwerhuelen. "Well en duerch seng Dausende vu Milliarden Euro, déi e weltwäit an d'Ekonomie stécht, ganz kloer a ganz vill Emissioune matfinanzéiert. Do ass eng Plaz wou d'Lëtzebuerger Land fir eis eng Responsabilitéit huet a wou kloer vun der Politik muss agéiert ginn. Dat heescht: raus klammen aus fossillen Energien a sech an Aklang mat den Ziler vum Paräisser Klimaschutzofkommes bréngen."
 
Dem Myrna Koster vu Greenpeace Lëtzebuerg no kéint eist Land Virreider an der nohalteger Finanz ginn. D'Ëmweltorganisatioun erwaart sech, datt d'Politik de Klimawandel a -schutz mat der nämmlechter Determinatioun ugeet, wéi se dat bei der sanitärer Kris gemaach huet. Nëmmen esou kéint een déi schlëmmste Konsequenze verhënneren, déi dëst Joer op en neits duerch d'Iwwerschwemmungen däitlech gi wieren.