Greenpeace LëtzebuergLoftverschmotzung verkierzt Liewenszäit, WHO geet de Probleem un

RTL Lëtzebuerg
Greenpeace begréisst d'Decisioun vun der WHO, fir d'Grenzwäerter vun der Loftverschmotzung ze verschäerfen. Seet awer, datt d'Ziler eleng net duer ginn.
© AFP

Déi Objektiver wiere sënnlos, wa se net vu konkrete Mesurë vun de Regierunge begleet an ënnerstëtzt géife ginn, seet d’Myrna Koster vu Greenpeace Lëtzebuerg. Am RTL-Interview huet Si ënnerstrach, datt d’Wëssenschaft eendeiteg beleet, datt d’Belaaschtung duerch Loftverschmotzung eis Liewenszäit verkierzt a seriö Auswierkungen op eis Gesondheet huet.

Et hätt een all déi technologesch an och wirtschaftlech Instrumenter, déi ee bräicht fir de Probleem vun der Loftverschmotzung unzegoen. Et wier elo just eng Fro vu politeschem Wëlle, fir den néidege Kader ze setzen, sot d’Myrna Koster vu Greenpeace nach.

De Klimaschutz muss eng Prioritéit fir d’Regierung ginn

Back to Top
CIM LOGO