
Duerch dësen Accord soll ënner anerem den Aarbechtsvolume vun den Educateure besser gereegelt ginn, fir esou och d’Qualitéit vun de Servicer eropzeschrauwen. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch huet um Dënschdegmoien dann den Accord virgestallt.
Et ass en Accord, dee Qualitéit vun de Servicer an der Virdergrond stellt an deen déi selwecht Zäit awer och mat enger ganz komplexer Situatioun konfrontéiert war. Ënnerschiddlech gewuesse Situatiounen an ënnerschiddlech Aufgabe vun ënnerschiddleche Beruffskategorië sollten an dësem gemeinsam gereegelt ginn. Dat hu mer fäerdeg bruecht an domadder och nach eng Kéier d’Basis geschaaft, fir gutt Wuessen an eng gutt Weiderentwécklung vun deem Ganzen edukativen a psychosoziale Beräich an eise Schoulen, sou de Claude Meisch.
Kloerheet gëtt et also elo bei der Aarbecht an der Missioun vun den diversen Tâchen an deem Beräich. Virdrun hätt et hei u gutt definéierte Reegele gefeelt, seet de Jerry Hartung, Sekretär bei der Gewerkschaft vun den Educateuren, déi am Domaine vu Schüler mat spezifesche Besoine schaffen. Dat wier och de Fall gewiescht, well d’Gesellschaft sech an deene leschte Joren an dësem Domaine weiderentwéckelt huet. Deem soll dann am Accord Rechnung gedroe ginn. De Jerry Hartung mat e puer Detailer:
Et gëtt u sech elo fir jiddereen eng kloer Reegelung. Et ass elo gereegelt, wéi vill ee bei de Schüler um Terrain present ass fir seng Aarbecht. Sief et fir d’Assistance en classe oder d’Intervention specialisé. Do sinn och elo ganz kloer Preparatiounszäite virgesinn. Wann ee mat de Kanner schafft, soll een dat och scho professionell ugoen, an dat am Virfeld uerdentlech preparéieren, wei eben och en Enseignant. An dat géing dann och bei den Educateuren elo sou gereegelt ginn.
Et wier wichteg, déi Ressourcen, déi een hätt, sou gutt wéi méiglech anzesetzen, betount de Minister da weider. Dat wier engersäits néideg bei der Inclusioun vu Kanner mat extrae Besoinen, an awer och fir Aktivitéite bausst de Schoulzäiten unzebidden, zum Beispill a Form vun Atelieren. Wichteg wier dann och, datt eng Rei vun dësen Aktivitéiten iwwert d’Vakanze kéinte weiderlafen.
Reforms-Petitioun - Nei Formatioun fir Educateuren - “Qualitéit amplaz séier Léisungen”