Reforms-PetitiounNei Formatioun fir Educateuren - "Qualitéit amplaz séier Léisungen"

Anne Wolff
Nee zu der neier Educateursreform, dat freet d'Petitioun vum Francis Hoven, déi en Dënschdeg de Moien an der Chamber debattéiert gouf.
Nei Formatioun fir Educateuren
Nee zu der neier Educateursreform, dat freet d’Petitioun vum Francis Hoven, déi en Dënschdeg de Moien an der Chamber debattéiert gouf.

Nei Formatioun fir Educateuren / Reportage Anne Wolff

Mat enger Zort Passerell wéilt een dem Manktem un Educateuren entgéintwierken, ma et bräicht ee Qualitéit amplaz séier Léisungen, fuerdert de Petitionär.

Zanter dësem Schouljoer kënne Schüler vun enger Première SO direkt an d’Terminale vum LTPES wiesselen a sech an engem amplaz vun dräi Joer zum Educateur diplômé forméiere loossen. Dem Petitionär Francis Hoven feelt Praxis:

Et feelt hei also u bedeitender erzéierescher Praxiserfarung, wann een de Wee iwwert eng SO-Sektioun wielt. De Stage ass nu mol erliewen, hei léiert een, d’Theorie an d’Praxis ëmzesetzen. Dobäi baut een eng erzéieresch Identitéit an eng erzéieresch Haltung op, déi fir d’Beruffsliewen immens wichteg sinn.”

Fir de Francis Hoven misst een d’Schüler méi fréi fir de Beruff gewannen. „Ech denken, dass mir net aus den Aen dierfe verléieren, dass déi Praxiserfarung immens wichteg ass. Mir wëssen, dass d’SO-Sektioun, déi Sektioun ass mat de meeschte Schüler. Do kéint een iwwerleeën, wéi een déi Schüler scho fir d’Deuxième an net eréischt fir d’Terminale erakritt.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch betount, et wier e Pilotprojet, an et wier een oppe fir Diskussioune mam Secteur. Och en DAP an der Educatioun wier am Gespréich. „Do war meng Gedold scho strapazéiert ginn, well mir do net viru komm sinn. Mir hu misse mat ville verschiddenen Acteure schwätzen, wou och ëmmer nei Iddien op den Dësch koumen, dat ass en DAP an der Beruffsausbildung am Beräich vun der Educatioun”.

Den ALEE-Sekretär Yves Kails kritiséiert d’Virgoensweis vum Projet. “Mir sinn net generell géint de Prinzip vun enger Passerell, mee och mir bemängelen d’Virgoen. Hei ass erëm kee Sozialdialog am Viraus gefouert ginn, an duerno stellt ee sech dann dohin an et schwätzt ee mat den Acteuren.” Enger Etüd vun der Uni.lu no feelen ëm déi 800 Educateuren.

D’Petitioun wier zu engem gudde Moment komm, esou d’Nancy Arendt, Presidentin vun der Petitiounskommissioun. Et géing een d’Evaluatioun vum Projet ofwaarden an dann an der Educatiounskommissioun iwwert déi ugeschwate Punkten diskutéieren, ënnert anerem och iwwert en zweete Site fir den LTPES.

Back to Top
CIM LOGO