An der Unisec, der zouener Unitéit vum Centre socio-éducatif zu Dräibuer, war et jo virun eppes méi wéi enger Woch zu engem Tëschefall komm, bei deem d’Police huet misse geruff ginn, fir d’Situatioun z’entschäerfen. E Méindeg war dëse Virfall Sujet an der zoustänneger Chamberkommissioun. Hei stoung den Direkter vun Dräibuer Ralph Schroeder den Deputéierte Ried an Äntwert.
Den Ament sinn 11 Jugendlecher an der Unisec. Sechs dovun, véier Jongen an zwee Meedercher, sollen owes refuséiert hunn, zeréck an hir Schlofkummer ze goen, esou de Ralph Schroeder.
Doraus hätt sech eng ugespaante Situatioun entwéckelt, déi och duerch d’Verstäerkung vun der Police konnt entschäerft ginn. Um Enn sinn déi Jugendlech vun der Police an hir Zëmmer bruecht ginn, woubäi awer och e puer Leit blesséiert gi sinn.
Esou eng Situatioun hätt et an deene véier Joer, an deenen et d’Unisec elo gëtt, nach ni ginn an déi Responsabel ginn dovun aus, dass dës och Zukunft eng Ausnam wäert bleiwen.
Aktuell géif de Virfall dann och mat alle Concernéierten opgeschafft ginn. Virop mat deene Jugendlechen. Fir d’Deputéiert vun der CSV Octavie Modert misst een déi pedagogesch Offer an deen individuellen Encadrement och präventiv ausbauen.
Et misst ee sech dorobber astellen, dass an Zukunft aner Jugendlecher mat enger méi schwiereger Vergaangenheet dohi kommen, déi och scho méi schlëmm Saache verbrach hunn. An och un déi misst déi pedagogesch Offer ugepasst ginn, esou d‘Octavie Modert.
Dass zwee vun de Jugendlechen, déi randaléiert hunn, temporär op Schraasseg bruecht goufen, bleift fir d’Deputéiert problematesch. Ee wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung wieren zwee Gesetzesprojeten, déi aktuell ausgeschafft ginn, wéi d’Deputéiert vun déi gréng, Djuna Bernard, betount. Eng Kéier en neit Jugendschutzgesetz an e Gesetz zum Jugendstrofrecht.
Dat wieren déi grouss Projet-Pharen an dësem Secteur vu Jonken, déi stroffälleg ginn. Dat wieren déi politesch Pisten, déi an dësem Kontext besonnesch interessant wieren an op deenen d’Deputéiert an Zukunft wäerte schaffen.
Béid Gesetzer solle bis virun Ouschteren an der Chamber deposéiert ginn.