Éischte SchouldagUkrainesch Schüler freeë sech, nees e méi gereegelten Alldag ze hunn

Monica Camposeo
Op dësem 1. Schouldag no der Ouschtervakanz hu sech och eng 400 bis 500 Kanner a Jonker aus der Ukrain op de Wee an hir nei Schoul zu Lëtzebuerg gemaach.
Éischte Schouldag fir ukrainesch Schüler
Op dësem 1. Schouldag no der Ouschtervakanz hu sech och eng 400 bis 500 Kanner a Jonker aus der Ukrain op de Wee an hir nei Schoul zu Lëtzebuerg gemaach.

An der International School Michel Lucius konnt ee scho virun der Vakanz éischt Erfarunge sammelen, eng 40 Schüler goufen am Primaire a Secondaire scolariséiert.

Dës Woch kommen der nach 60 dobäi. Allgemeng wier een an der internationaler Schoul gewinnt, wärend dem Joer ëmmer erëm Schüler opzehuelen, esou d’Direktesch vum Lycée Michel Lucius Pascale Petry. Et géing versicht ginn, d’Kanner a Jonker, wann et geet, direkt an hir Reegelklass ze integréieren, mat zousätzleche Stonnen am Engleschen. Dat gëtt awer ëmmer individuell gekuckt, esou d’Lycéesdirektesch. Däitsch a Franséisch kënnen d’Schüler da flexibel ufänken, wa si prett dofir sinn.

D’Direktesch Pascale Petry iwwert Aschoulung

Fir déi Kanner, déi nach guer keen Englesch kënnen, gëtt eng Zort “Tëschephas” ageriicht, wou si an enger Klasse d’Accueil sinn, mat 10 bis 12 Stonnen Englesch an der Woch. Doriwwer eraus ginn awer och aner Fächer scho preparéiert an de Vocabulaire am Engleschen ziilt och dorop eraus, aner Fächer ze preparéieren. Soubal et méiglech ass, gëtt de Schüler oder d’Schülerin dann an eng Reegelklass integréiert.

Éischt Erfarunge vu virun der Vakanz hätte gewisen, dass dee System ganz gutt géing klappen. D’Kanner a Jonker géinge sech och besonnesch freeën, fir nei Frëndschaften ze schléissen an nees e méi gereegelten Alldag ze hunn.

Fir deenen neie Schülerinnen a Schüler gerecht ze ginn, gouf neit Personal rekrutéiert. Ënnert anerem soll och e psychologeschen Encadrement kënne garantéiert ginn. Fir Engleschcoursen huet d’Margarethe Schieser virun der Ouschtervakanz am Lycée Michel Lucius ugefaangen. Virun der Vakanz huet si schonn eng éischt Grupp vu Schüler a Schülerinnen aus der Ukrain betreit. Vun dënschdes bis freides sinn déi Jonk an engem Rotatiounssystem an ënnerschiddleche Coursen, duerno kucken d’Margarethe Schieser an hir Aarbechtskolleegen zesummen, wien a wéi eng Klass ka scolariséiert ginn.

D’Margarethe Schieser iwwert de Rotatiounsprinzip

Allgemeng wieren d’Engleschkenntnisser ganz gutt, esou nach d’Margarethe Schieser. Wa mol Schwieregkeete waren, hätten d’Schüler och ënnertenee mol iwwersat oder sech bei Aufgaben ënnerstëtzt. Déi nei Schüler, déi dësen Dënschdeg ufänken, ginn dann och no dësem System scolariséiert. Doriwwer eraus kënne si an der éischter Woch och d’Schoul kenne léieren an un Aktivitéiten no der Schoul deelhuelen. Well et an der International School Michel Lucius vill verschidden Nationalitéite gëtt, konnt sech och e Grupp vun ukraineschen a russesche Schüler zesummefannen, deen den neie Matschüler elo hëlleft, sech zu Recht ze fannen.

Monica Camposeo - Live aus dem Lycée Michel Lucius (19.4.22)

Ukrainesch Kanner z’integréieren, gëtt eng Erausfuerderung - Reportage vum Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO