
Domat ass awer nach net emol d’Hallschent vun de schoulflichtege Ukrainer, déi am Land sinn, scolariséiert. Den Educatiounsminister Claude Meisch seet, datt dat natierlech eng grouss Erausfuerderung fir den Educatiounssystem wier, mee eng Erausfuerderung, där ee wäert Meeschter ginn.
E bëssi Normalitéit am Ausnamezoustand. Fir 400 bis 500 Ukrainer am Alter tëscht ongeféier 4 an 20 Joer heescht et: 1. Schouldag zu Lëtzebuerg. Iwwert déi nächst Woche wäerten et der awer séier méi ginn, weess och den Educatiounsminister Claude Meisch:
Et weess ee Bescheed iwwer eng ronn 1.200 Schülerinnen a Schüler, déi am Alter vum Fondamental oder Lycée sinn an déi hei am Land sinn. Si alleguerte wäerten ageschoult ginn.
Iwwer 500 Schüler musse sech also nach gedëllegen. Dat entweder well se nach an enger provisorescher Struktur ënnerbruecht wieren an een net wéisst, wou am Land se wunne wäerten. Oder well d’Immigratiounsprozeduren nach missten ofgeschloss ginn, wat e puer Woche kéint daueren. Den OGBL huet awer scho Bedenke matgedeelt, op een déi vill Schüler aus der Ukrain och adequat kéint betreien. Ze packen, seet de Claude Meisch:
Mir hunn Erfarung, well pro Joer tëscht 2.000 an 3.000 Schülerinnen a Schüler an normalen Zäiten, wou et keen internationale Konflikt iergendwou gëtt, bei eis kommen a mir déi integréieren. Wann dat der lo hei 1.000, villäicht och 1.500 oder och 2.000 méi sinn, wäerte mer och dat packen.
Vu groussem Virdeel wieren déi international ëffentlech Schoulen am Land, déi dorop spezialiséiert sinn, Schüler aus anere Länner ze integréieren an enseignéieren, an och international Enseignantë kënne rekrutéieren. Rezent huet d’Chamber och de Feu Vert ginn, fir liicht ze derogéieren, wat d’Astellungskonditiounen an de Schoulen ugeet.
Fir datt mer och kënnen Enseignantë vu baussen huelen. Déi villäicht elo eis üblech Sproochen net maitriséieren. Mee déi villäicht eng englesch Formatioun kënne ginn. A mer sinn och frou, datt mer Leit an eise Schoule kënnen intervenéiere loossen, déi d’ukrainesch Sprooch kënnen.
An deene leschten 2 Wochen hätt ee gutt rekrutéiert an et hätt ee genuch Personal fonnt, ënnersträicht de Claude Meisch. Et wéisst een awer nach net, wéi vill jonk Ukrainer nach géingen op Lëtzebuerg kommen, déi mussen ageschoult ginn, a wéi laang se musse bleiwen. Dofir misst ee virsiichteg sinn a prett sinn, fir nach weidert Personal ze mobiliséieren.
D’Journalistin Monica Camposeo war um Dënschdeg de Moien an der International School Michel Lucius, wou eng 20 ukrainesch Kanner an de Primär ageschoult goufen an eng 40 an de Lycée. D’Direktesch Pascale Petry huet am Live-Interview Informatiounen zu den Erausfuerderungen an der Ëmsetzung ginn.
Link: Ukrainesch Schüler freeë sech nees e méi gereegelten Alldag ze hunn
