
En Dënschdeg war eng Gedenkfeier fir den 80. Joresdag vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung. Ënnert anerem virun der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg goufe Blummen néier geluecht.
Dat war hei an den alen Halen um Lampertsbierg, wou de Gauleiter Gustav Simon bei enger grousser Propagandaveranstaltung deklaréiert, datt d’Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920-24 missten an d’Wehrmacht goen.
Spéider wieren och nach d’Joergäng 25, 26 a 27 dobäikomm, erkläert de Josy Lorent. A genee doru gëtt den 30. August geduecht - dëst Joer ass et ewell 80 Joer hier. Vill Bierger hu sech op dësem Dag géint de Naziregimm gewiert an eng sëllegen hunn dat mat hirem Liewe bezuelt. Et wier extrem wichteg, datt dëst Krichsverbriechen ni a Vergiessenheet geréit:
D’Mënschheet, huet een den Androck, léiert näischt a wëll näischt léieren. D’Jugend erunzezéien, maachen mer andeems mer zum Beispill 20.000 Broschüren an d’Schoule ginn a mat Zäitzeie bei se ginn.
Et dierft een net midd ginn, dëst ëmmer erëm an d’Erënnerung vun de Leit ze ruffen, betount de Josy Lorent.
Nieft dem Nidderleeë vu Blummen zu Hollerech an um Lampertsbierg war eng Gedenkmass fir all d’Affer vum 2. Weltkrich an eng akademesch Sëtzung am fréiere Siège vun der Arbed an der Avenue de la Liberté.
