
Zënter dem 15. August ass et an der Gemeng Parc Housen zu e puer Vandalismus-Fäll komm. Esou hunn Onbekannter op der N10 tëscht dem Kounenhaff an Eesbech eng hëlze Bänk an en hëlzenen Dësch geklaut.
Weider hunn Onbekannter op verschiddene Plazen an der Gemeng, a virun allem an der Ëmgéigend vu Konstem, Gebaier beschmiert souwéi d’Bushaischen um Busarrêt “Um Schinker” op der N7 a Brand gestach. Op enger Parallelstrooss vun der N7 hunn Onbekannter op der Héicht vun Housen iwwerdeems illegal hiren Dreck entsuergt.
Zu Hengescht gouf tëscht dem 30. an dem 31. August eng Poubelle a Flame gesat, déi ënnert de Virdaach vun engem Gebai vun der Gemengeverwaltung gestallt gouf.
Am Kader vun dësen Dote sicht d’Police no Zeien, déi rezent verdächteg Leit an hirer Gemeng gesinn hunn, bezéiungsweis no Leit, déi wichteg Informatioune fir d’Police hunn.
All Informatioune si fir d’Police aus dem Ourdall um Telefon (+352) 244831000 oder per Mail u police.ourdall@police.etat.lu.