
Entgéint deem, wat déi lescht Deeg erwaart gouf, wäert de Regierungsrot dëse Freideg nach net déi neisten Zuele vum Statec iwwert d’Inflatioun, respektiv d’Kafkraaft kréien. No de bilaterale Reunioune mat de Gewerkschaften a mam Patronat d’lescht Woch, waren d’Zuele fir ufanks September ugekënnegt ginn. D’Zuele géingen, wéi et elo heescht, awer éischter kuerz virun den nächste Reunioune mat de Sozialpartner Mëtt September presentéiert ginn.
De Staatsministère sot ons awer, datt op den nächste Regierungsréit all Kéiers e Point iwwert d’Energie-Situatioun géing gemaach ginn. Dëse Freideg misst den Energieminister Claude Turmes seng Mesuren, fir Energie ze spueren, senge Ministerkolleege presentéieren. De Public gëtt déi dann d’nächst Woch gewuer.
Ob dëse Freideg schonn iwwert finanziell Hëllef diskutéiert gëtt, sou wéi d’Oppositioun an déi Gréng fuerderen, ass nach net gewosst. En Optrëtt vum Premier Xavier Bettel virun der Press ass fir den Ablack net virgesinn.