Wat genee ass deen Dag geschitt, op deem den Ugekloten - deemools am Policedéngscht - en Autofuerer erschoss huet? Dëse war mat enger 30 Kilometer an der Stonn op hien duergefuer.
Et war wéi annoncéiert e laange Film vu bal dräi Stonnen. Virstelle kann ee sech dësen als One-Take-Video. Dat wëll heeschen, datt quasi ouni Ënnerbriechung vun der Kamera d’Zeien enger Untersuchungsriichterin erzielt hunn, wat si deen Dag gesinn hunn. Och déi dräi Polizisten, déi deen Dag op der Plaz waren a probéiert hunn, de Flüchtegen ze stoppen, sinn ze héieren. Ënnert hinne war den Ugekloten, dee geschoss huet.
Am Video, deen am September 2019 gefilmt gouf, gesäit een, datt d’Polizisten op der Plaz all nach extrem jonk waren. Den Ugeklote war den Ament vun de Faiten 22 Joer al a war eréischt zanter 8 Méint am Déngscht.
Zwee vun de Polizisten haten d’Poursuite vum Auto, dee sech der Kontroll entzunn hat, zu Fouss opgeholl. Ee vun hinnen hat scho kuerz ier et zu de Schëss koum seng Waff gezunn, wou de Won, dee fortgefuer ass, a geparkten Autoe gerannt ass. Op dem Polizist seng Opfuerderung ass dat spéidert Affer awer net stoe bliwwen, mee ass weider a Richtung vum Policewon vu sengem Kolleeg gefuer.
Ee sprangende Punkt am Prozess ass jo, wou genee den Ugeklote stoung, wou hie geschoss huet. Dat fir erauszefannen, ob et Noutwier war oder op hien nach aner Méiglechkeete gehat hätt.
Hei ginn et verschidde Perceptiounen. Huet en e Schratt gemaach, ier e geschoss huet? Huet e bei den dräi Schëss de Won mat der Waff suivéiert oder sech deplacéiert? Dorop goufen et keng kloer Äntwerten.
Den Ugekloten huet temoignéiert, wéi den Auto mat enger Vollbremsung eng 3 Meter viru sengem Policewon stoe bliwwen ass. Du wier hien erausgeklommen an hätt de Flüchtegen dozou opgefuerdert, erauszeklammen. Dësen huet dat awer net gemaach, an eng 15 Meter zréckgesat.
Deen Ament hätt de fréiere Polizist seng Waff gezunn a wollt iwwer Funk Verstäerkung ufuerderen. Wou de Mercedes du mat enger 30 Stonnekilometer op hien duergesteiert huet, huet hie mat der Waff an enger Hand dräi Schëss ofginn. Den Auto ass neelech um Policewon laanschtgefuer, mat de bekannte Suitten.
De Prozess geet d’nächst Woch weider.
RTL-News vum 27. September 2022: Ugeklote Polizist schwätzt um 1. Dag vum Prozess vun Noutwier
RTL-News vum 20. Abrëll 2018: Parquet informéiert - Doudesaffer vu Bouneweg war 51 Joer alen Hollänner
RTL News vum 30. September 2022: Den ugeklote fréiere Polizist “war Law and Order”