PoliceAlkohol um Steier, ouni Permis ënnerwee a Rebellioun

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen an der Nuecht op e Sonndeg erëm eng ganz Rei Leit dobäi erwëscht wéi si ënner Alkoholafloss Auto gefuer sinn.

Bei reguläre Kontrollen, op Uerder vum Parquet, war den Test an 13 Fäll positiv an 2 Chaufferen hunn hire Führerschäin nach op der Plaz mussen ofginn.

Géint 23 Auer e Samschdeg den Owend gouf et dann en Accident am Rond-point um Fridhaff. Ee vun de Chaufferen hat do ze déif an d’Glas gekuckt, esou dass och hie säi Permis ofgeholl krut.

D’selwecht ass et engem Mann an der Stroossbuerger Strooss an der Stad géint Hallefnuecht ergaangen. Hie war mat sengem Auto an e Potto gerannt a well och säin Test positiv war, war hie säi Führerschäin doropshi lass.

An och bei Iechternach ass der Police de Sonndeg de Moie géint 5 Auer en Automobilist opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war. Et sollt sech och hei erausstellen, dass de Chauffer ze vill gedronk hat an hien dowéinst säi Permis huet mussen ofginn.

Well en Automobilist zu Monnerech an der Nuecht op e Sonndeg géint 2.30 Auer net wollt vun der Police kontrolléiert ginn, huet hie probéiert fortzekommen, wouropshin d’Beamten him nogefuer sinn. Nodeems den Auto an d’Schleidere geroden ass, huet d’Police de Won blockéiert. Ma dësen huet de Policewon gerammt an ass weider gefuer. Tëscht Lampech a Monnerech ass de Chauffer du stoe bliwwen. Hien hat allerdéngs scho guer kee Führerschäi méi. Et gouf ënnert anerem Plainte wéinst Rebellioun géint de Mann gemaach.

Géint 5.30 Auer de Sonndeg de Moien ass der Police op der A4 a Richtung Esch en Auto opgefall, an deem hannendra 4 Leit souzen. Bei enger Kontroll, konnt de Chauffer kee Führerschäi virleeën. Dowéinst gouf de Won du saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO