No Reprochë géint EducatiounsministerDéi Lénk reprochéieren dem Claude Meisch "Abus de Pouvoir"

RTL Lëtzebuerg
Fir déi Lénk wier et wichteg, dass de Minister sech elo mol zeréckzitt, fir eventuellen Drock aus der Situatioun ze huelen, bis d'Affär opgekläert wier.

No de Reprochë géint den Educatiounsminister Claude Meisch fuerderen Déi Lénk, datt de Minister sech aus dem ëffentleche Betrib zréck zitt, bis alles opgekläert wier. Dat schreift d’Partei an engem Communiqué en Donneschdeg de Mëtten.

Eng jonk Fra, déi selwer Member bei der DP ass, hat dem Claude Meisch an engem Video reprochéiert, eng Fra an engem Restaurant an der Stad soll geschloen hunn. De Minister selwer an déi concernéiert Fra, eng héich Beamtin, hu ferm dementéiert, datt dat geschitt ass. D’Fra déi Zeenerie deels soll matkritt hunn, huet sech dono zeréckgezunn a wéilt, och op Nofro vun Déi Lénk, näischt méi mat der Affär ze dinn hunn.

Fir déi Lénk sinn d’Explikatioune vum Bildungsminister trotzdeem problematesch an “net zefriddestellend”, wéi d’Carole Thoma, Co-Spriecherin vun Déi Lénk op Nofro vun RTL explizéiert huet. Et wier intolerabel, datt de Claude Meisch esou mat senger héijer Beamtin gestridden hätt an et sou “héich hier gaange” wier, datt eng Zeie souguer d’Police soll geruff huet. An den Ae vun der Oppositiounspartei géing et hei net ëm d’Privatliewe vum Claude Meisch goen.

Et wier dann och offensichtlech, dass d’Beamtin dem Minister ënnerstallt wier an dass do Kräfteverhältnisser spille géifen, déi net egalitär wieren, sou d’Carole Thoma weider. Fir déi Lénk läit dohier och kloer en “Abus de pouvoir” vir.

Weider misst de Minister Claude Meisch sech elo an enger éischter Phas zeréckzéien a sech aus der Ëffentlechkeet eraushalen, fir manner Drock ze maachen an de Leit wierklech d’Méiglechkeet ze ginn, sech dozou ze äusseren, bis dass kloer wier, wat do genee geschitt ass. Wann sech do géif erausstellen, dass de Minister net falsch gehandelt hätt, wier deene Lénk no, alles an der Rei. D’Partei hätt awer am Moment d’Gefill, wéi wann Drock géif ausgeüübt ginn. Weider wier et onkloer wéi dës Situatioun generell géif gehandhaabt ginn, der Partei no hätt een weider d’Gefill, dass hei e Muechtmëssbrauch géif virleien.

Sou géifen et 2 Optioune ginn, sou d’Carole Thoma, nämlech dass alles sou lafe gelooss géif ginn wéi bis elo, wat e Prezedenzfall schafe géif, dass e Minister sou mat sengem Personal dierft ëmgoen. Et kéint een awer och e “positive Prezedenzfall” hei schafen, dass also de Minister sech exemplaresch verhält a sech géif zeréckzéien a keen Drock géif ausüben.

Back to Top
CIM LOGO