
De Virfall wier no enger hëtzeger Diskussioun an engem Stater Lokal an der Rue Chimay geschitt. De Video, an där déi jonk Schülerin iwwert den angeebleche Virfall schwätzt, war scho viru méi laangem online, ier en elo kierzlech nees opgedaucht ass.
Op Nofro vun RTL sote souwuel de Minister wéi och déi concernéiert Fra - iwwregens eng héich Beamtin aus dem Educatiounsministère - dass de Claude Meisch zu kengem Zäitpunkt aggressiv war oder d’Fra geschloen huet. Et ass rieds vun Diffamatioun a juristesche Schrëtt.
De Premier Luc Frieden huet en Donneschdeg den Owend schrëftlech Positioun zu den Uschëllegunge bezunn. Hie sot, hien hätt d’Allegatiounen a Kenntnis geholl an hätt mam Minister Meisch geschwat, deen de Virworf vun enger physescher Aggressioun zeréckgewisen huet.
De Premier géif elo drop waarden, datt d’Faiten an aller Transparenz vun den zoustännegen Autoritéite gekläert ginn. An der Matdeelung vum Luc Frieden huet et ausserdeem nach geheescht, d’Regierungsmembere missten an all Ëmstänn ee virbildlecht Verhalen un den Dag leeën.
E Freideg, de 5. Januar, huet sech den Educatiounsminister an der Chimaysgaass mat enger Fra op eng Taass Kaffi getraff. D’Gespréich wier “hefteg an deels och emotional” gefouert ginn, esou de Claude Meisch. Et wier effektiv och eng Taass Kaffi erofgefall an hien hätt de Kaffi opgebotzt, “mee ech dementéiere formell, dass et zu Aggressioune komm ass”, sou den DP-Politiker.
Och déi héich Beamtin schreift, dass si “zu kengem Zäitpunkt physesch aggresséiert gouf”. Si géing dës Rumeuren als diffamatoresch a ruffschiedegend ugesinn a géing sech weider juristesch Schrëtt virbehalen. Änlech Aussoe koume vum Minister.
Eng aner Persoun, déi zu deem Ament am Lokal op der éischter Etage mat derbäi war, ass eng jonk Schülerin, déi selwer 2023 zu Dippech fir d’DP mat an d’Gemengewale gaangen ass. RTL huet mat der jonker Fra geschwat. Si bleift bei den Aussoen, déi si am Video gemaach huet. Si seet do, si hätt zwar net gesinn, dass de Minister d’Fra geschloen hätt, mee et wier ee fuerchtbar haarde Sträit gewiescht an et wier eng Taass erofgefall. A si hätt de Minister héiere soen “ech hunn dech geschloen an du hues dat verdéngt”. Si sollt RTL eigentlech e Freideg een Interview ginn, huet awer den Owend ofgesot.
De Parquet huet op Nofro matgedeelt, dass keng Plainte géint de Claude Meisch virläit. De Parquet sot och, et géife keng Informatiounen iwwert eventuell Kameraopzeechnungen vun der Plaz virleien. D’Police wier op d’Plaz geruff gi vun enger weiderer Persoun. Wéi d’Beamte bis do waren, wier awer weder de Minister, nach d’Beamtin méi sur place gewiescht. Iwwregens huet och déi jonk Schülerin eng formell Ausso bei der Police gemaach.
Prise de position du Premier ministre concernant les allégations contre le Ministre de l’Education nationale
Le Premier ministre a pris connaissance d’allégations contre le Ministre de l’Education nationale circulant sur les réseaux sociaux et des articles qui ont apparu dans la presse à ce sujet. Depuis, il a parlé au ministre concerné qui a démenti avoir agressé physiquement une personne. Le Premier ministre s’attend à ce que les faits soient établis en toute transparence par les autorités compétentes. Par ailleurs, il souligne le principe que tous les membres du Gouvernement doivent faire preuve en toutes circonstances d’un comportement exemplaire.