Bagnaia wënnt an ass ganz no um WM-Titel drun, kaum nach Hoffnung fir Quartararo
© AFP
De Francesco Bagnaia war vun der 9. Plaz aus an d'Course gaangen a konnt sech um Enn d'Victoire sécheren.
D'Plazen 2 an 3 ware fir den Enea Bastianini an de Fabio Quartararo. Domat huet de Bagnaia am WM-Klassement elo eng Avance vun 23 Punkten op de Quartararo. Den Italiener ass eng Course viru Schluss also ganz no um WM-Titel drun.
An der Moto2 huet iwwerdeems den Augusto Fernandez d'Féierung am WM-Klassement iwwerholl. Eng véiert Plaz ass dem Spuenier dofir duergaangen, dat well de Japaner Ai Ogura eidel ausgaangen ass. D'Victoire goung un den Tony Arbolino.
An der Moto3 konnt sech den John McPhee virum Ayumu Sasaki an dem Sergio Garcia duerchsetzen.
De Replay vun all de Coursse fannt Dir hei.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. Francesco Bagnaia Ducati
2. Enea Bastianini Ducati
3. Fabio Quartararo Yamaha
Moto2
1. Tony Arbolino Kalex
2. Alonso Lopez Boscoscuro
3. Jake Dixon Kalex
Moto3
1. John McPhee Husqvarna
2. Ayumu Sasaki Husqvarna
3. Sergio Garcia GASGAS
De General
MotoGP
1. Francesco Bagnaia 258
2. Fabio Quartararo 235
3. Enea Bastianini 211
Moto2
1. Augusto Fernandez 256
2. Ai Ogura 247
3. Aron Canet 208
Moto3
1. Izan Guevara 294
2. Sergio Garcia 241
3. Dennis Foggia 233