Den Ultra-Cyclist huet e Sonndeg de Weltrekord iwwer 500 Meilen an de 24-Stonne-Weltrekord verbessert.

De Ralph Diseviscourt huet am Vëlodrom zu Rochefort hei vir an der Belsch säi Weltrekord iwwer 24 Stonne gebrach. 915 Kilometer war hien d'lescht Joer zu Veianen um Oberbecken gefuer. Den neie Rekord steet elo bei 927 Kilometer. Dës Distanz muss awer nach vun offizieller Säit confirméiert ginn.

E Sonndeg de Moien huet de Lëtzebuerger nach een anere Weltrekord gebrach an zwar deen iwwer 500 Meilen. Hien huet 20 Stonnen, 41 Minutten an 12 Sekonne gebraucht. Den ale Rekord louch bei 21 Stonnen, enger Minutt a 44 Sekonnen.

De Ralph Diseviscourt hätt och nach den 1.000-Kilometer-Weltrekord kënne briechen. Hien hätt dofir nach 7 Stonnen Zäit gehat. Den Ultra-Cyclist war no de 24 Stonnen allerdéngs kierperlech a mental esou midd, datt hie vum Vëlo geklommen ass.

D'Competitioun ass fir den "Dizzy" net komplett ouni Problemer verlaf. Den Ultra-Cyclist hat an der éischter Hallschent liicht Problemer mam Mo, sou den Dokter Jacques Mehlen e Sonndeg de Moie fréi: "De Ralph huet vun Ufank u bësse Problemer mam Mo. Hien deet sech schwéier, fir ze iessen an ze drénken. Dat heescht, mir hu probéiert, virun allem elo an der Nuecht, de Volume vun der Flëssegkeet ze reduzéieren. Dat bedeit awer automatesch, datt hie manner Kuelenhydrater zou sech hëlt. Déi nächste Stonne muss hien awer méi drénken, wëll hien duerch d'Hëtzt méi schweesst."

Géint 8 Auer e Sonndeg de Moie gouf et dunn ee längere Stroumausfall, sou datt déi ganz Apparater ausgefall sinn an ee manuell huet misse weiderschaffen. Am Laf vum Sonndeg de Moie konnt een dës Problemer awer hannert sech lossen an esou war et um Enn eng ganz erfollegräich Missioun fir den "Dizzy".