E Samschdeg wëll de Ralph Diseviscourt säi Weltrekord iwwer 24 Stonne verbesseren. Den Ultracyclist ass viru ronn engem Joer 915 Kilometer gefuer.

Am Juli dat leschte Joer ass de Ralph Diseviscourt zu Veianen bannent 24 Stonne ronn 915 Kilometer mat sengem Vëlo gefuer. De Weekend soll elo déi dausender Mark geknackt ginn.

De Ralph Diseviscourt virum Rekordversuch / Rep. Rich Simon

Dem Ralph Diseviscourt säin Dauerrival, den Éisträicher Christoph Strasser, ass viru ronn 2 Wochen 1.026 Kilometer bannent 24 Stonne gefuer. Domadder hat hien 111 Kilometer méi um Compteur wéi den "Dizzy". Trotzdeem steet dem Lëtzebuerger säi Weltrekord nach ëmmer, an dat, well et 3 Kategorië ginn.

"Dat eent ass Indoor. An da ginn et Outdoor zwou verschidde Kategorien. Dat ass Outdoor Track. Ënnert déi Kategorië falen och meng Rekorder vum leschte Joer zu Veianen. An da gëtt et Outdoor Road. Dat ass déi Kategorie, wou de Christoph Strasser virun zwou Woche gefuer ass. Dat ass awer och elo déi nei Referenz."

De Ralph Diseviscourt huet et net iwwerrascht, datt de Christoph Strasser méi séier ënnerwee war wéi hie selwer.

"Dat war u sech ze erwaarden, datt hien déi 1.000-Kilometer-Mark géif knacken. Datt et elo esou däitlech war, dat war och fir hie selwer iwwerraschend. D'Konditioune waren net perfekt. Zum Schluss ass hien 8 bis 9 Stonnen am Dauerree gefuer. Et war eng sensationell Leeschtung an domadder läit d'Lat natierlech extrem héich.

De Ralph Diseviscourt ass awer optimistesch, datt hien dem Christoph Strasser säi Rekord ka briechen. Dës Kéier fiert hien net um Oberbecken zu Veianen, mee op engem Vëlodrome zu Rochefort hei vir an der Belsch, dee 400 Meter huet. Fir de Weltrekord ze knacke muss hien also méi wéi 2.565 Ronnen dréinen. De Start ass e Samschdeg um 14 Auer a Spectateuren dierfe beim Rekordversuch dobäi sinn.