
Zu Konsdref ass de Veräin aus der 2. Divisioun - Vinesca Éinen - op den Drëttdivisionist Claravallis Klierf getraff. D’Ekipp vun der Musel wollt géint d’Formatioun aus dem Norden hir Plaz an der 2. Divisioun Lëtzebuerger Futtballchampionnat verdeedegen. Fir d’Klierfer ass et iwwerdeems ëm den Opstig gaangen.
An den éischte fënnef Minutte war et een ausgeglachene Start an de Match. Béid Ekippe war beméit, ma et hat awer bis zur 6. Minutt gedauert éiert et zur éischter Chance vum Match koum. Et war den Dos Reis vun Éinen, deen et aus ronn 16 Meter probéiert hat, ma säi Versuch goung awer laanscht de Gol.
Nëmmen 30 Sekonne méi spéit war et de Mendes, deen et fir déi Klierfer probéiert hat, dëse Schoss goung awer däitlech laanscht de Gol vum Monteiro.
Den éischte kadréierte Schoss gouf et an der 8. Spillminutt. De Conway hat et mat engem Fräistouss aus grousser Distanz probéiert, de Monteiro am Gol vun Éinen konnt de Ball awer ouni Problemer festhalen.
Et waren och d’Männer vum Jaworucki , déi de Match duerno op hier Säit zéie konnten. An der 12. Minutt hat de Frantz et probéiert, ma och dës Geleeënheet konnt de Monteiro viru keng Problemer stellen.
Déi éischt grouss Chance vum Match war allerdéngs fir Éinen. No enger Flank stoung de Machado am Stroofraum ze fräi. Hie konnt de Ball héich an d’Mëtt spillen, wou den Dos Reis sech mam Kapp duerchsetze konnt. Säi Kappball goung um Enn awer just op d’Lat a sou war et no 18. Minutten nach ëmmer beim 0:0 bliwwen.
Den Arbitter Laurent Wilmes gouf vun den Hären Enes Skrijelj a Yannick Mentz assistéiert - de 4. Mann war de Carlos Da Silva.
No engem Ugrëff vu Klierf konnt Éinen an der 26. Minutt konteren. Den Dos Reis Aderito konnt sech op der rietser Säit behaapten an hat den Oliveira an der Mëtt gesinn. Dëse konnt sech géint den Defenseur vu Klierf duerchsetzen, ma säi Versuch goung awer knapp iwwert d’Lat, sou dass de Correia net huet missen agräifen.
Béid Ekippe ware beméit, sech Geleeënheeten erauszespillen, ma et huet virun allem an der Offensiv ëmmer erëm u Präzisioun gefeelt.
An der 36. Minutte goufen d’Supporter zu Konsdref Zeie vun enger ganz kuriéiser Situatioun. Den Dos Reis war um Wee op de Gol vum Correia. Am Strofraum koum et dunn zu enger Kollisioun tëscht dem Stiermer vun Éinen an dem Correia esou wéi zwee weideren Defenseure vu Klierf. Ouni weidere Kontakt war de Ball duerchgerullt a war um Enn och am Filet gelant. Soumat louch Éinen duerch eng aus Klierfer Sicht onglécklech Aktioun mat 1:0 a Féierung.
De Correia schéngt sech bei dëser Aktioun och wéi gedoen ze hunn, hie konnt bis op Weideres awer weiderspillen.
An der 3. Minutt vun der Nospillzäit vun der éischter Hallschent stoung den Här Wilmes als Offizielle vum Match am Mëttelpunkt. De Schrantz koum am Strofraum vun Éinen zu Fall, dëst well de Mendes Cristovao ze spéit koum De fällegen Eelefmeter hat de Mendes geschoss, ma säi Versuch vum Punkt war net placéiert genuch a sou konnt de Monteiro de Ball aus sengem rietsen Eck ofwieren.
No 45 Minutte stoung et also ëmmer nach 1:0 fir Éinen.
Nom Säitewiessel wollten d’Männer vun Éinen fir eng kleng Virentscheedung suergen. Si ware besser aus der Kabinn koum, ma et waren awer déi Klierfer, déi déi éischt Aktioun a Richtung vum Gol haten. No enger Flank konnt sech de Schrantz am Strofraum mam Kapp duerchsetzen. Säi Versuch war awer net kadréiert genuch, a sou goung de Ball um Enn laanscht de Potto.
Dës Aktioun schéngt de Klierfer erëm Hoffnung gemaach ze hunn. No engem Korner an der 55. Minutt koum de Felten aus dem Réckraum zum Ofschloss. Säi feste Schoss konnt de Monteiro in extremis nach mat engem staarke Reflex ofwieren an d’Avance soumat bis op Weideres festhalen.
An der 62. Minutt konnt Klierf sech fir hir staark 2. Hallschent belounen. Duerch ee Fräistouss aus ronn 25 Meter war et de Conway, deen de Monteiro um falsche Fouss erwëscht hat, an de Ball esou am Eck vum Gol ënnerbrénge konnt. De Golkipp vun Éinen hat bei dëser Aktioun net gutt ausgesinn a sou war de Match no gutt enger Stonn erëm ausgeglach.
Ma d’Freet vu just vu kuerzer Dauer. An der 69. Minutt hat den Dos Reis et mat engem wuchtege Schoss probéiert, dëse Versuch konnt de Correia awer nach ofwieren. De Machado stoung duerno fir Éinen goldrichteg a konnt de Noschoss iwwert d’Linn drécken an d’Avance erëm hierstellen.
Klierf wollt op ee Neits eng Reaktioun weisen a sou war et no engem Fräistouss vum Silva de Mendes, deen zum Schoss koum. Säi Versuch konnt nach vum Ruben Mendes geblockt ginn. De Noschoss vum Joao Pereira goung duerno däitlech iwwert d’Lat.
9 Minutte virum Enn vun der Partie konnt den Dos Reis, deen ënnert anerem och an der BGL-Ligue fir Beggen am Asaz war, nach eng Kéier seng ganz Klass weisen. Hie koum aus gutt 30 Meter virum géigneresch Gol un de Ball. Mat engem ganz staarken Dribbling konnt hie sech géint 3 Defenseure vu Klierf behaapten, ma um Enn konnt de Correia de Stiermer nach vum Ball trennen, sou dass hie net zum Schoss koum.
Viru 476 Supporter wollt Éinen an der 87. Minutt erhéijen. Den Cerveira hat et mat engem fest Volley aus der zweeter Rei probéiert, de Correia konnt sech mat engem super Reflex awer op en Neits auszeechnen. Nëmmen eng Minutt méi spéit war et den Osmanovic, dee sech en Häerz geholl hat, ma och säi Schoss war net präzis genuch.
An der 93. Minutt gouf et awer nach eng Kéier enk fir Éinen. No engem Fräistouss koum de Schrantz aus kuerzer Distanz fräi zum Schoss. Ma och de Monteiro konnt weisen, dass hie staark Reflexer huet, a sou konnt hien d’Avance fir seng Faarwe bis zu Enn sécheren. Soumat spillt Éinen och an der nächster Saison an der zweeter Divisioun a Klierf konnt sech net fir hir gutt Saison belounen. Éinen klappt Klierf ënnert dem Stréch mat 2:1.