
Et ass awer eng Propose, déi elo aus Amerika a Richtung Japan gemaach gouf. Experte ginn awer dovunner aus, dass dat net méiglech ass.
Déi Iddi, déi d’Amerikaner hunn, gouf en Donneschdeg och um Bord vun der Kaderrevisioun vum COSL diskutéiert. Fir de President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, André Hoffmann, ass et awer absolut net realistesch, dass een an e puer Méint kann Olympesch Spiller organiséieren.
“Wann ee weess, dass Olympesch Spiller iwwer 7 Joer organiséiert ginn, ass et bal eng Saach vun der Onméiglechkeet, dat aus dem Aarm ze rëselen an dat esou ze iwwerhuelen.”
Wann d’Spiller vun Tokio a Florida géife verluecht ginn, wier de Problem dem André Hoffmann no och net geléist.
“Da muss awer déi ganz Welt dohinner an dat ass dann dat selwecht wéi elo zu Tokio. Sauf dass se do schonns alleguerten déi Sécherheetsprogrammer ausgeschafft hunn an op zimmlech alles preparéiert sinn. De politesche Message fir Japan wier eng Katastroph, déi sech esou vill Méi gemaach hunn an esou vill Geld dragestach hunn. Ech gesinn net, dass den IOC an déi Richtung ka goen.”
Och den Directeur Technique vum COSL, Heinz Thews, geet net dovunner aus, dass d’Olympesch Spiller a Florida verluecht ginn.
“Ech rechnen net domadder, dass mir am Disneyland a Florida wäerten opschloen. D’Amerikaner kënne vill leeschten, awer fir dat a Méint ze organiséieren, ass net méiglech. Ech mengen do wollte si e bëssen Opmierksamkeet. Fir mech sinn d’Spiller zu Tokio.”
A ronn 6 Méint sollen d’Olympesch Spiller zu Tokio ufänken.
