
Am Elitekader ass den Automobilsportler Grégoire Munster nei mat dobäi, am Promotiounskader de Schwëmmer Ralph Daleiden an d‘Coureuse Marie Schreiber.
Well vill Sportler duerch dCorona-Pandemie keng Méiglechkeet haten, eng normal Saison ze maachen, goufe keng Athleten aus de Kadere vun 2020 gestrach.
Déi Sportler, déi net méi an de Kadere sinn, hu mat hirer Karriär fräiwëlleg opgehalen.
