Liichtathletik: U23-EM8. Plaz fir d'Patrizia Van der Weken iwwer 100 Meter

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend stoung d'Patrizia Van der Weken bei der U23-Europmeeschterschaft an der Finall iwwer 100 Meter.
© FLA

Mat engem Chrono vun 11,73 Sekonnen ass d’Lëtzebuergerin an der Finall iwwer 100 Meter déi 8 ginn. D’Course gouf gewonne vum Lilly Kaden aus Däitschland. Si ass eng Zäit vun 11,36 Sekonne gelaf.

© Screenshot

An de Virleef war d’Partizia Van der Wekend en Donneschdeg een neie Lëtzebuerger Rekord gelaf.

Back to Top
CIM LOGO