U23-Liichtathletik-EuropameeschterschaftenD'Patrizia Van der Weken leeft neie Landesrekord iwwer 100 Meter
RTL Lëtzebuerg
Op der U23-Liichtathletik-EM zu Tallinn an Estland, verbessert d'Patrizia Van der Weken den eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter.
Update: 04.12.2025 09:33
D'Patrizia Van der Weken leeft neie Landesrekord iwwer 100m
Op der U23-Liichtathletik-EM zu Tallinn an Estland, verbessert d’Patrizia Van der Weken den eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter.
Dat ëm 2 Honnertstel. Déi nei Zäit steet elo bei 11 Sekonnen a 50 Honnertstel.
Mat hirer 2. Plaz an der Halleffinall huet sech d’Patrizia Van der Weken fir d’Finall qualifizéiert. Dës gëtt e Freideg um 19.47 Auer Lëtzebuerger Zäit gelaf.
D'Patrizia Van Der Weken
Op der U23-Liichtathletik-EM zu Tallinn an Estland, verbessert d’Patrizia Van der Weken den eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter.