F91 Diddeleng steet am zweete Qualifikatiounstour
© Val Wagner
En Dënschdeg den Owend war an der Champions-League-Qualifikatioun de Retourmatch tëscht dem F91 Diddeleng a KF Tirana aus Albanien.
Viru knapp enger Woch konnt sech den F91 Diddeleng no enger gudder Leeschtung verdéngt mat 1:0 doheem am ausverkaafte Stade Jos Nosbaum duerchsetzen an huet en Dënschdeg den Owend also am Retourmatch an der albanescher Haaptstad Tirana missen untrieden.
Am Allersmatch wousst virun allem d'Defense ronderëm den neie Mann Manuel da Costa ze iwwerzeegen. En Dënschdeg den Owend konnt d'Ekipp vum Trainer Carlos Fangueiro dës Leeschtung mat enger 2:1-Victoire confirméieren.
D'éischt Hallschent ass fir béid Ekippen ouni Gol op en Enn gaangen. Nom Téi war dogéint eng méi lass. An der 49. Minutt huet de Filip Bojic d'Lëtzebuerger Ekipp a Féierung bruecht, andeems hien d'Lieder ënnen an de lénksen Eck geschoss huet. Den Devjid Sinani huet an der 61. Minutt e Pass am Strofraum erwëscht an de Ball doropshin an d'Netz geschoss, 2:0 fir Diddeleng. KF Tirana huet et senge Géigner net alt ze einfach gemaach. De Redon Xhixha huet no 78 Minutte Spillzäit de Réckstand op den F91 Diddeleng verkierzt. No enger schéiner Flank huet hien ënne riets markéiert. Un dësem Resultat sollt sech bis zum Schluss och näischt méi änneren, et ass bei enger 2:1-Victoire fir den F91 bliwwen.
"Wann een de ganze Match kuckt, dann ass d'Victoire verdéngt. Et war wichteg, déi éischten Hallschent kee Gol geschoss ze kréien an dat hu mir gemaach. Mir hunn defensiv ganz gutt gespillt, och wann et offensiv net optimal war. An der zweeter Hallschent hu mir gewisen, datt mir kënne mathalen an do hu mir och nach zwee wonnerschéi Goler geschoss. Déi éischt Hallschent war spilleresch net gutt. Déi zweet Hallschent hu mir awer eng aner Ekipp um Terrain gesinn, déi mat manner Angscht gespillt huet. Fir d' Offensiv ass et wichteg ze gesinn, datt et defensiv eng Stabilitéit gëtt.", esou den Diddelenger Golkipp Lucas Fox.
Den amtéierende Lëtzebuerger Champion qualifizéiert sech domat fir den zweeten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun. Hei kritt Diddeleng et elo den 19./20. Juli a 26./27. Juli mat Pjunik Jerewan oder CFR Cluj ze dinn. Den Allersmatch spillt den F91 auswäerts.