F91 Diddeleng wënnt Allersmatch mat 1:0 géint Tirana
E Mëttwoch den Owend krut den F91 Diddeleng am Allersmatch an der 1. Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun Besuch vun Tirana.
An enger animéierter éischter Hallschent sollten trotz gudde Chancen op béide Säite keng Goler falen. Diddeleng war offensiv en Tick besser wéi de Géigner aus Albanien, virum Gol awer net effizient genuch. Defensiv huet d'Ekipp vum Trainer Carlos Fangueiro gréisstendeels awer gutt agéiert, virun allem den neie Mann, de Manuel da Costa wousst ze iwwerzeegen.
An der zweeter Hallschent gouf et du schonns fréi e Réckschlag, wéi de Kapitän Mehdi Kirch an der 54. Minutt déi rout Kaart gewise krut. Vun der 67. Minutt war Diddeleng dunn awer net méi an Ënnerzuel, well de Vesel Limaj mat Giel-Rout och fréizäiteg huet dierfen dusche goen. Dëst huet de Lëtzebuerger Champion dunn och ausgenotzt, well den Hassan den F91 an der 71. Minutt mat engem flotte Gol mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Bis zum Schluss sollt et dann och bei deem Stand bleiwen, esou datt Diddeleng den Allersmatch am ausverkaafte Stade Jos Nosbaum virun 1.555 Spectateure mat 1:0 gewënnt.
Ënnert dem Stréch geet d'Victoire vun den Diddelenger an d'Rei, et mierkt een, datt nach net alles esou leeft, wéi et soll, well een och nach net honnertprozenteg agespillt ass. Nawell huet de Lëtzebuerger Champion gutt Chancen, en Tour weiderzekommen.
De Retourmatch ass nächsten Dënschdeg um 20 Auer zu Tirana.
© Gilles Tricca