
D’Emma Raducanu aus Groussbritannien, déi d’lescht Joer iwwerraschend d’US Open gewanne konnt, wäert hiren Titel net kënne verdeedegen. Déi 19 Joer al Nummer 11 vun der Welt huet sech mat 3:6 an 3:6 géint d’Alizé Cornet aus Frankräich misse geschloe ginn.
Mam Clara Burel huet eng weider Fransousin fir eng Iwwerraschung gesuergt. D’Nummer 131 vun der Welt huet sech nämlech mat 6:4 a 6:4 géint d’Wimbledon-Gewënnerin Elena Rybakina behaapt.
Och d’Naomi Osaka aus Japan ass schonns net méi dobäi. Déi zweefach US-Open-Gewënnerin huet mat 6:7 an 3:6 géint d’Danielle Collins aus den USA verluer.
D’Andrea Petkovic aus Däitschland huet an der Nuecht op e Mëttwoch da wuel de leschte Match vun hirer Karriär gespillt. Déi 34 Joer al Tennisspillerin hat virun de US Open annoncéiert, datt dat hire leschten Tournoi wier. Am 1. Tour huet si sech elo mat 2:6, 6:4 a 4:6 géint d’Schwäizerin Belinda Bencic misse geschloe ginn.