Donieft klappt AC Mailand Juventus Turin an Chelsea gewënnt däitlech géint d’Wolverhampton Wanderers.

Och an der Bundesliga ass e Samschdeg gespillt ginn, wou sech ënner anerem Dortmund a Bayern d’Punkte gedeelt hunn.

Premier League

FC Chelsea - Wolverhampton Wanderers 3:0
1:0 Havertz (45+3’), 2:0 Pulisic (54’), 3:0 Broja (89’)

Chelsea kënnt mam neien Trainer Graham Potter sou lues an d’Rullen a wënnt no der Partie ënnert der Woch géint AC Mailand och géint Wolverhampton mat 3:0. Domat sprangen d’"Blues" no Goler vun Havertz, Pulisic a Broja op déi 4. Plaz an der Tabell, wärend d’"Wolves" déi 18. bleiwen.

Manchester City - FC Southampton 4:0
1:0 Cancelo (20’), 2:0 Foden (32’), 3:0 Mahrez (49’), 4:0 Haaland (65’)

Manchester City marschéiert weider duerch d’Liga an huet och mat Southampton keng Problemer. D’Gäscht bréngen de ganze Match iwwer kee Schoss op de Gol zustanen a kommen och an der Defense dacks net no, sou dass d’"Saints" sech däitlech musse geschloe ginn. D’"Citizens" iwwerhuelen domat wéinstens bis e Sonndeg d’Tabelleféierung.

Brighton & Hove Albion - Tottenham Hotspur 0:1
0:1 Kane (22’)

Serie A

Sassuolo - Inter Mailand 1:2
0:1 Dzeko (45’), 1:1 Frattesi (60’), 1:2 Dzeko (75’)

AC Mailand - Juventus Turin 2:0
1:0 Tomori (45+1’), 2:0 Diaz (54’)

Juventus Turin ass weiderhin net gutt a Form a muss sech trotz méi Ballbesëtz och beim AC Mailand verdéngt geschloe ginn. D’Ekipp vum Massimiliano Allegri steet den Ament just op der 8. Plaz, wärend d’"Rossoneri" op déi 2. Plaz sprangen.

Ligue 1

Olympique Marseille - AC Ajaccio 1:2
1:0 Payet (15’, Eelefmeter), 1:1 Moussiti-Oko, 1:2 Balerdi (47’, Selbstgol)

Marseille verléiert doheem iwwerraschend géint dee virun der Partie Tabelleleschten Ajaccio a muss domat déi éischt Defaite an der Liga astiechen. Marseille huet virun allem beim Kreéiere vu Chancë Problemer, wärend Ajaccio zweemol äiskal virum Gol ass.

Stade Reims - Paris Saint-Germain 0:0

De PSG, deen ouni Messi an Neymar ufänkt, kënnt géint Reims net iwwert ee Gläichspill eraus a bleift fir déi éischte Kéier an dëser Saison ouni Gol. Reims ass souguer laang déi besser Ekipp, verpasst et awer, fir méi aus senge Geleeënheeten ze maachen. Duerch d’Néierlag vu Marseille steet Paräis elo mat 3 Punkten Avance un der franséischer Tabellespëtzt.

La Liga

Atlético Madrid - FC Girona 2:1
1:0 Correa (5’), 2:0 Correa (48’), 2:1 Riquelme (66’)

No der Defaite an der Champions League kann Atlético Madrid an der Liga nees 3 Punkte feieren. Um Ufank vu béiden Hallschente schléit de Correa zweemol zou, Girona kann aus dem Riquelme sengem Gol um Enn kee Profit méi schloen.

FC Sevilla - Athletic Bilbao 1:1
1:0 Torres (4’), 1:1 Vesga (73’)

FC Getafe - Real Madrid 0:1
0:1 Militao (3’)

Real Madrid glänzt net géint Getafe, ma ee fréie Kappball vum Militao geet duer fir déi nächst 3 Punkten anzefueren. Déi "Kinneklech" sprangen domat op Plaz 1 an der Tabell, den FC Barcelona kann e Sonndeg allerdéngs nees laanschtzéien.