Iwwerdeems gëtt et an der Partie tëscht Mainz a Leipzig kee Gewënner, wärend Leverkusen ee Befreiungsschlag geléngt.

Leverkusen huet am éischte Match ënnert dem neien Trainer Xabi Alonso Schalke vun Ufank un dominéiert. Et huet allerdéngs bis zur 38. Minutt gedauert, éier d’Leverkusener duerch en Distanzschoss vum Diaby a Féierung goe konnten. Just dräi Minutten drop war et de Frimpong, deen op 2:0 erhéicht huet. Och no der Paus huet d’Werkself keen Zweiwel opkomme gelooss, wien dës Partie sollt gewannen an no engem weidere Gol duerch de Frimpong war de Match an der 53. Minutt entscheet. An der 90. Minutt huet de Paulinho dunn nach de 4:0 markéiert. Leverkusen geléngt domat ee wichtege Befreiungsschlag, wärend Schalke méi déif an d’Kris fält a just nach 2 Punkten Avance op Bochum huet.

Mainz a Leipzig deele sech no engem gerechten 1:1 d’Punkten. Déi Leipziger hu staark ugefaangen, ma am Laf vun den éischte 45 Minutten ass Mainz ëmmer besser an de Match komm a konnt kuerz virun der Paus duerch den Ingvartsen op 1:0 stellen. Am zweeten Duerchgang war RB awer du besser a konnt sech no 80 Minutten och duerch ee Kappball vum Nkunku belounen. Um Enn sollt kenger Ekipp méi de Lucky Punch geléngen. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro ass op Säite vu Mainz an der 66. Minutt agewiesselt ginn.

Zu Bochum konnt d’Lokalekipp sech beim 3:0 géint Frankfurt iwwer déi éischt Victoire vun der Saison freeën. D’Eintracht hat zwar méi vum Match, ma déi Bochumer ware virum Gol äiskal a sinn no 71 Minutten duerch ee Kappball vum Hofmann a Féierung gaangen. An der 87. Minutt huet dunn ee Selbstgol vum Frankfurter N’Dicka fir d’Entscheedung gesuergt, éier de Förster nach een dropgesat huet. Bochum bleift domat zwar op der leschter Plaz, ass awer mat 4 Punkten elo nees méi no um Rescht drun.

Et war vun Ufank un ee ganz intensive “Klassiker” tëscht Borussia Dortmund a Bayern München, ma an den éischte 45 Minutte kruten d’Spectateuren zu Dortmund wéineg Occasioune virum Gol gebueden. No enger gudder hallwer Stonn war et de Goretzka, dee mat engem Flaachschoss aus der Distanz den 0:1 markéiere konnt. Mat dësem Tëschestand, dee fir d’Bayern e wéineg glécklech war, ass et an d’Kabinne gaangen. An der 53. Minutt huet de Sané du mat engem weideren Ofschloss aus der Distanz erhéicht, wouvun de BVB sech kuerz huet missen erhuelen. Eng Véierelsstonn drop sinn d’Haushären awer nees besser an de Match komm an hunn duerch de jonke Moukoko an der 74. Minutt och den 1:2 konnte schéissen. Knapps 10 Minutten drop hat de Modeste dunn den Ausgläich um Fouss leien, hien huet de Ball no enger Flank awer net richteg getraff. Kuerz viru Schluss huet den agewiesselte Coman no engem taktesche Feeler nach seng zweet giel Kaart gesinn, éier Dortmund an der leschter Minutt duerch de Modeste nach de Lucky Punch gelongen ass. Een intensivt Spëtzespill geet domat mat engem gerechten 2:2 op en Enn.

Fir Augsburg gouf et iwwerdeems een 1:1-Remis géint Wolfsburg.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell