Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!

Ausserdeem bei Kremart Edition: Neioplo vum "Plooschterbuch", dat richteg "Blosen, tréischten, Plooschter drop" heescht.
Endlech ass se do, déi véiert Aventure vum Tony Ross senger klenger Prinzessin, déi d'Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Déi Kéier wëll déi kleng Knätzel alles selwer maachen a sech guer net hëllefe loossen – ma heemlech paken déi Grouss dann awer eng Hand mat un, well soss géing nach vill méi schif goe beim Campéieren! Eng Geschicht, déi gutt an d'Summerméint voller Aktivitéite passt an eng Entwécklungsphas illustréiert, déi wuel all Kand duerchleeft: Méi wëllen ewéi kënnen.
Domat gëtt et elo ewell véier Geschichte vun der "Klenger Prinzessin" op Lëtzebuergesch: "Ech wëll net an d'Bett!", "Mir ass et schlecht!", "Ech wëll meng Hänn net wäschen!" an "Ech maachen dat selwer!". Am Hierscht kënnt eraus: "Ech wëll d'Luucht un!" Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!
Kremart Edition (www.kremart.lu)
ISBN 978-99959-39-64-9
28 Säiten, 12,95 Euro

2. Oplo vun "Blosen, tréischten, Plooschter drop"
De Summer ass d'Zäit vun de kuerze Boxen a leider och vun den oppene Knéien. Ma mat dësem Buch ass dat kee Problem méi! "Blosen, tréischten, Plooschter drop" heescht et a scho sinn all d'Déieren nees gesond a monter a loosse sech nei Topegkeeten afalen. Am Original vum Henning Löhlein a Bernd Penners bei Ravensburger, vum Christiane Kremer fir Kremart op Lëtzebuergesch iwwersat. D'Buch, dat 2016 als Iwwersetzung erauskoum, war eenzock ausverkaaft, ma ass elo nees ze kréien. Et huet fest Säiten an et si fënnef Spill-Plooschteren dran integréiert, déi d'Kanner op d'Boboe vun den Déiere peche kënnen. Et kann ee se esou dacks benotzen, ewéi ee wëll, well se si liicht propper ze halen. En interaktive Spill-Spaass, deen d'Boboe séier vergiessen deet ...

Henning Löhlein a Bernd Penners
Blosen, tréischten, Plooschter drop
Mat fënnef faarwege Spill-Plooschteren
Vivi Kremart by Kremart Edition (www.kremart.lu)
ISBN 978-99959-39-34-2
16 Säiten, 10 Euro
