D'SACEM Lëtzebuerg setzt sech dofir an, dass Museker a Musek-Schaffender fir hir Aarbecht fair bezuelt ginn.

30 Joer Atelier, 20 Joer Rockhal oder och nach 20 Joer Philharmonie. Dëst Joer ass dat vun de ronne Gebuertsdeeg vun enger Partie vun de gréisste Museksvenuen am Grand-Duché. An deem Kader presentéiere mir Iech dës Woch eng Serie an där d'Claudia Kollwelter mat ënnerschiddlechen Acteuren aus der Musekszeen zu Lëtzebuerg geschwat huet. Wéi huet sech d'Industrie hei am Land entwéckelt, wat sinn déi gréisste Changementer a wat déi grouss Challenge vun der Zukunft? 

Serie Lëtzebuerger Musekszeen (Deel 2) / Reportage Claudia Kollwelter

Am 2. Deel vun der Serie läit de Fokus op der Aarbecht vun der SACEM

D'SACEM Lëtzebuerg setzt sech dofir an, dass Museker a Musek-Schaffender fir hir Aarbecht fair bezuelt ginn. Am Kader vun eiser Serie dës Woch iwwert d'Lëtzebuerger Musekszeen huet d'Claudia Kollwelter mam Direkter Marc Nickts méi am Detail iwwert de Rôle an d'Aarbecht vun der SACEM geschwat:
 
1.896 Memberen zielt d'SACEM aktuell. All Joers wiere rezent eng 100 bis 150 nei Memberen dobäi komm, seet de Marc Nickts, deen och erkläert, wéi eng Krittären een erfëlle muss, fir kënne Member ze ginn:
 
"Do muss een am Fong och schonn op d'mannst ee Lidd hunn, wat schonn eng Opféierung hat. Sief dat am Radio gespillt gi sinn, op engem Concert ëffentlech opgefouert gi sinn oder op enger Streamingplattform ass haut ganz vill Preuve, datt eng Diffusioun stattfënnt."
 
Sënnvoll wier et fir all Auteur, Compositeur oder Editeur Member vun der SACEM ze ginn, wann hir Lidder reell genotzt ginn. D'Droit d'auteure gëllen dann bis zu 70 Joer nom Doud vum Kënschtler:
 
"Wann et zum Beispill op RTL diffuséiert gëtt, op engem Concert, an engem Film, mee awer och op engem Bal, op engem Dëppefest, iwwerall do eeben haut, wou am ëffentleche Raum Musek gespillt gëtt, intervenéiere mir als Sacem Lëtzebuerg fir eis Memberen."
 
D'SACEM ass engersäits do fir d'Artisten, mee och fir déi, déi Musek wëllen diffuséieren:

"Fir datt dann en Utilisateur, sief dat elo ee Radio, sief dat elo ee Veranstalter, sief dat awer och elo d'Geschäft, wat d'Musek als Hannergrond lafen huet, net muss individuell mat jidderengem Eenzel verhandelen, kënnt en da bei d'SACEM, a seet, 'hei ech benotzen, e geschützte Repertoire, kanns du, wannechgelift, mir dofir d'Autorisatioun ginn, fir dierfen dee Repertoire ze spillen an ze notzen'."
 
Wann een d'Autorisatioun vun der SACEM huet, kann ee sämtlech Musek legal notzen, déi ee wëll, an dat net just vum Lëtzebuerger Repertoire, mee vum weltwäite Repertoire. Wéi vill een der SACEM bezuele mussen, hänkt dovun of, wou d'Musek genotzt gëtt a mat wéi engem But:
 
"Wann d'Musek een Haaptkrittär ass vun der Aktivitéit, dann ass eis Interventioun ee Pourcentage op de Recetten, déi realiséiert gi vun dem Utilisateur, wann dat ee Radio ass, ass dat e Chiffre d'affaires, wann dat ee Concert ass, ass dat d'Recettë vun der Entrée. Wann et elo Hannergrondmusek ass an engem Geschäft, dann ass et ee Forfait, deen eeben op järlecher Basis bezuelt gëtt."
 
Et géifen awer ëmmer erëm Leit ginn, déi et net wéissten, datt et d'SACEM gëtt, mee leider och Leit, déi et bewosst ignoréieren an d'Musek illegal benotzen. D'Suen, déi bei der SACEM era kommen, ginn op d'Membere verdeelt. E puer Chiffere vun zejoert: et goufen iwwer 50.000 Diffusioune vu lokaler Musek, iwwer 5.800 verschidde lokal Lidder hu Rechter generéiert an am ganze goufen iwwert 1,5 Milliounen un Droit d'auteuren zu Lëtzebuerg un Memberen ausbezuelt. D'Aarbecht vun der SACEM géif also kloer e Sënn erginn, sou nach de Marc Nickts.
 
An e Mëttwoch geet et dann an eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Musekszeen iwwert d'Defie vun der Zukunft an do notamment d'Streaming-Plattformen, mee och d'kënschtlech Intelligenz.