"Materialists" heescht deen neie Film vun der südkoreanescher Realisatrice Celine Song, déi l'lescht Joer direkt 2 Mol fir en Oscar nominéiert gi war. Et ass eng romantesch Comedie, déi op iwwerspëtzt Manéier d’Auswierkunge vun der Konsumgesellschaft op d’Léift ënnert d’Lupp hëlt.

D‘Lucy schafft als „Matchmaker“ zu New York. Si bréngt op extrem professionell, geziilt an erfollegräich Manéier Mënsche beieneen, an der Hoffnung datt aus engem éischten Date eng Hochzäit gëtt. Si gëtt am Alldag ëmmer nees domat confrontéiert, datt d’Mënschen net wëllen eleng stierwen an e Partner siche mat deem si al kënne ginn. D’Lucy selwer ass iwwerzeegt dovunner, fir ëmmer eleng ze bléiwen a gleeft fest dorun, datt Léift a Suen zesummegehéieren. Wéi si op e fréiere Client vun hirem Brudder stéisst, e steeräiche Businessman, deen all dem Lucy seng Krittäre fir de perfekt Mann erfëllt, muss si sech awer d’Fro stellen, ob Geld wierklech glécklech mécht, an ob eng Hochzäit e Businessdeal wei en aneren ass. Zemools wann hir grouss Léift, den John, e Schauspiller ouni e Su, nees an hirem Liewen opdaucht.
 
Mat "Materialists" ass et der Südkoreanerin gelongen, de Genre vun der romantescher Comédie net nëmmen ze revisitéieren, ma och un ons Zäit z’adaptéieren. E klasseschen an extrem gutt strukturéierten Zenario leet hei d’Basis vun engem ënnerhalende, witzegen an emouvante Filmn deen all Krittär vum Genre vun der "Rom Com" erfëllt, an doriwwer eraus sech et awer net huele léisst, genee esou sozialkritesch wéi effikass ze sinn. D’Musek vum, wéi gewinnt exzellenten, Daniel Pemberton ass genee esou gelonge wéi eng extrem staark an atmosphäresch Billersprooch an eng villschichteg Aarbecht op der Beliichtung. De Casting ëm d‘Dakota Johnson, deem dës Roll wéi op de Léif geschneidert schéngt, en erstaunlech versatille Chris Evans an den extrem beléifte Pedro Pascal, dréit dozou bäi, datt "Materialists" e populäre Popcorn-Film ass, dee wuel net ëmmer ganz subtil schéngt, ma deem et geléngt, dem Genre vun der "Rom Co" nees e neien Otem ze ginn.