D'Ausstellung "Transhumanz" gëtt en déiwen Abléck an eng Traditioun, déi zanter Joerhonnerten d'Bezéiung tëscht Mënsch, Déier an Ëmwelt präägt.

Zanter 2023 steet d’Wanderschéiferei op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet.

D'Liz Lambert - Fotografin a Gewënnerin vum CNA a LUGA Fërderpräis 2024 - huet sech wärend 9 Méint intensiv mam Sujet vun der Transhumanz hei zu Lëtzebuerg auserneegesat. 
Mat hirer Kamera huet si déi besonnesch Interaktiounen tëscht de Schéifer, hiren Häerden an der Ëmwelt festgehalen.

Eng Aarbecht, déi ee nach bis den 21. September a Form vun enger Ausstellung am Pomhouse zu Diddeleng entdecke kann.