"The Agony of Angels" vum Percy Lallemang
© Dizzy Emu Publishing
E Psychothriller op Englesch, aus der Fieder vun engem Lëtzebuerger Auteur!
An eiser Lecture vun heiheem stelle mer Iech jo all Woch e Buch vun engem Lëtzebuerger Auteur oder aus engem Lëtzebuerger Verlag vir. Dat sinn dacks Romaner, et kënnen awer och emol Gedichtbänn, Kuerzgeschichten oder Kannerbicher sinn. En Dréibuch fir e Film war allerdéngs nach ni dobäi…bis haut! D’Bea Kneip stellt Iech dem Percy Lallemang säi Screenplay „The Agony of Angels“ vir.
Haut gëtt et also emol e bëssen Hollywood-Atmosphär an eiser Lecture vun heiheem, zemol d’Dréibuch fir dëse Psychothriller op Englesch geschriwwen ass. De Percy Lallemang schafft als Chargé de Direction an engem Musée zu Peppeng. Vu Formatioun ass en awer Engleschproff, an huet och 18 Joer laang Schoul gehalen. Dowéinst also op Englesch, mä firwat en Dréibuch an net éischter e Roman? Dat huet domat ze dinn, dass den Auteur sech schonn a jonke Jore fir Kino interesséiert huet, an och selwer zesumme mat Kollegen Low-budget Filmer gedréint huet.
Haaptpersonnage vu sengem Screenplay ass de Sam Miller, e Privatdetektiv a fréiere Polizist den och schonn emol besser Zäite gesinn huet. Dommerweis ass en net nëmmen e grousse Fan vun der Whiskysfläsch, mä en ass engem stadbekannte Gangster och eng gréisser Zomm Sue schëlleg. Do matzendran kënnt d’Nouvelle, dass e gudde Kolleg vun him sech d’Liewe geholl huet, nodeems e jorelaang ouni Erfolleg no senger klenger Duechter gesicht huet, déi op mysteriéis Manéier verschwonnen ass. Wéi de Sam sech du méi genee mat der Affaire beschäftegt, stéisst en op eng ganz Rei vu Vermësstemeldungen, déi bis dato awer nach kee mateneen a Verbindung bruecht hat. Dohanner verstoppt sech e grujelegt Geheimnis, dat de Sam bis a seng eege Kandheet zeréckféiert…Dëse Sam Miller ass en zimlech ruppegen Typ, e klasseschen Antiheld. An “The Agony of Angels“ass definitiv näischt fir schwaach Nerven! Grad esou wéineg wéi dem Percy Lallemang seng cinematographesch Virbiller…
Mat senge ganz detailléierte Regieuweisungen geléngt et dem Percy Lallemang op alle Fall fir beim Lieser de Kappkino ze starten. Eng visuell Aventure déi mech beandrockt huet, och wann se mer plazeweis wéinst hirer Brutalitéit nawell zimlech nogaangen ass. Mä dat gehéiert wuel grad zu engem Psychothriller. The Agony of Angels huet iwwregens och bei internationale Competitiounen gutt ofgeschnidden.
Doriwwer ass de Percy Lallemang natierlech frou, nach méi frou wier en allerdéngs wann aus sengem Script tatsächlech eng Kéier géif e Film ginn. Bis elo ass do nach näischt an der Maach, mä dat ka sech jo nach änneren. Publizéiert ginn ass „The Agony of Angels" iwwregens vun Dizzy Emu Publishing, mat Sëtz zu Hollywood, Los Angeles. Villäicht ass dat jo e gutt Virzeechen…
"The Agony of Angels" vum Percy Lallemang ass bei Dizzy Emu Publishing erauskomm, fir den Ament kann een et awer just online bestellen
© RTL/Bea Kneip