"Radio Luxembourg. Echoes across borders."
An dëser Expo goufe Wierker vun der Sammlung aus dem Mudam mat deene vun enger Schenkung zesummegesat.
De Musée hat 2023 vun der Däitscher Sammler-Koppel Gaby a Wilhelm Schürmann 20 Wierker geschenkt kritt, déi och d’Presenz vu Fraen an der Mudam-Kollektioun nohalteg verstäerken.
Et ass eng dynamesch Präsentatioun, déi engem d’Villfalt vu kënschtleresche Praktike vun den 90er-Jore bis haut virun Ae féiert. Déi ausgestallte Kënschtlerinnen, déi tëscht 1930 an 1991 an Europa an an den USA gebuer goufen, beschäftege sech an hire Recherchë mat den Ëmbréch vun hirer Zäit a spigelen d’Verännerungen an de Gesellschafte rëm.
Hir Wierker, déi et um éischte Stack vum Mudam ze entdecke gëtt, dialogéiere net just mateneen, ma och mat deenen hellen, héije Raimlechkeete vum Musée.
Den Titel vun der Ausstellung, “Radio Luxembourg. Echoes across borders”, bezitt sech iwwregens op Radio Luxembourg, de Virgänger vum haitegen RTL, deen 1933 ugefaangen hat, populär Museksprogrammer a West- a Mëtteleuropa ze senden an domadder bei ville Leit e bleiwenden Androck hannerlooss huet, och beim Donateur a Co-Curateur Wilhelm Schürmann.
Nach bis den 11. Januar 2026 ass dës Expo am Mudam ze gesinn.